Am PalaisJoëlle Welfring als nei Ëmweltministesch vereedegt

Pierre Jans
D'Joëlle Welfring huet e Méindeg de Moie virum Grand-Duc hiren Eed als nei Ëmweltministesch ofgeluecht.
© RTL

Si iwwerhëlt d’Successioun vum Carole Dieschbourg, déi an der Suitte vun der Gaardenhaischen-Affär zeréckgetrueden ass.

Um ausseruerdentleche Parteikongress vun deene Gréngen e Samschdeg gouf d’Joëlle Welfring mat grousser Zoustëmmung op dee Poste gewielt. E Choix, deen an der Press an op de soziale Reseauen net nëmme gelueft gouf.

Assermentatioun vun der neier Ministesch / Rep. Pierre Jans

De Journalist Pierre Jans war e Méindeg de Moie fir eis virum Palais an der Stad. Eppes virun 10 Auer: déi viregt Paart vum Palais goung op. De Premier Xavier Bettel, seng Garde-Corpsen an déi nei Ministesch waren um Wee bei de Grand-Duc. E puer Touristen an eng Schoulklass hunn de Spektakel verfollegt.

© RTL

No enger gudder véierel Stonn war d‘Audienz beim Grand-Duc fir d’Joëlle Welfring eriwwer: “Et war impressionant an ech fille mech déif geéiert, dës Funktioun dierfen unzehuelen. Ech hoffen, dass mir elo séier operationell ginn.”

Et ass eng grouss Erausfuerderung, betount och de Premier. Hien ass awer berouegt, dass d’Joëlle Welfring eng Fra vum Fach ass. Eréischt am Mäerz war si als Direktesch vun der Ëmweltverwaltung genannt ginn. De Xavier Bettel iwwert déi nei Ministesch:

“Ech hat nach net d’Geleeënheet, professionell ma der Madamm Welfring ze schaffen. Et ass jo och e Choix vun der grénger Partei. Et ass eng Persoun, déi direkt kann asprangen, ouni d’Dossiere musse vu vir ze studéieren. Ech hat déi lescht Deeg Echangë mat der Madamm Welfring a si huet mir eng gutt Impressioun ginn.”

Mat 99,5 Prozent vun de Stëmme gouf d’Joëlle Welfring um Kongress vun de Gréngen op dee Poste gewielt. Si ass domat nieft der Paulette Lenert an der Yuriko Backes déi drëtt politesch Quereinsteigerin an der aktueller Regierung. E Fakt, wéinst deem si virop op de soziale Reseauen, mee och an der Press scho virun hirem Amtsuntrëtt mat fermer Kritik konfrontéiert war. Déi nei Ëmweltministesch:

“Ech si bereet, dee vollen Asaz ze ginn, mat deem, wat ech ka maachen. Dee politesche Volet kennen ech elo manner gutt, well ech net parteipolitesch aktiv war bis elo. Awer an der Saach, an deem, wat mech undreift, sinn ech honnertprozenteg op enger Linn mat der grénger Partei. Vun dohier ass dat fir mech näischt Friemes. Et läit an enger logescher Suite vun deem, wat ech bis elo gemaach hunn. Éischter hunn ech et net gemaach, well meng Kanner och vill ze kleng waren. Och duerch vill aner Saachen hätt et virdrun elo einfach net geklappt.”

Wat hir ëmweltpolitesch Prioritéiten ugeet, wëll si an der Suite vun hirer Virgängerin Carole Dieschbourg agéieren. D’Bëschgesetz, d’Drénkwaasserdirektiv, d’Kommodo-Gesetz, en neien Energie- a Klimaplang an och d’Offallgesetz. Vill grouss Dossieren, déi a kuerzer Zäit nach sollen ëmgesat ginn. An da muss d’Joëlle Welfring sech direkt schonn an hiren éischte Walkampf lancéieren.

Offiziellt Schreiwes

Remaniement gouvernemental (02.05.2022)
Communiqué par : Service information et presse du gouvernement (SIP)

Le Premier ministre, ministre d’État, Xavier Bettel, informe que ce matin, S.A.R. le Grand-Duc a donné démission, sur sa propre demande, à Carole Dieschbourg, ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable.

Joëlle Welfring a été assermentée en tant que nouveau membre du gouvernement. Elle a été nommée ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable.

En date du 22 avril 2022, le ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable a été temporairement attribué à Claude Turmes, ministre de l’Énergie et ministre de l’Aménagement du territoire. Cette attribution temporaire a pris fin ce matin.

Back to Top
CIM LOGO