
E jonke Mann, dee mat engem falsche Covidcheck-Certificat an der Policeschoul war, gouf e Freideg um Geriicht an der Stad zu annerhallwem Joer Prisong op Sursis an enger Geldstrof vun 1500€ verurteelt. Domadder sinn d’Riichter iwwert d’Fuerderung vum Parquet erausgaangen.
De jonke Mann hat e puer Mol de Certificat vun engem Kolleeg benotzt, ouni selwer ganz geimpft gewiescht oder getest ze sinn. Hien hätt a Kaf geholl, déi aner Schüler unzestiechen, esou d’Riichter.
Opgeflu war dat Ganzt eréischt, well den Numm um Certificat net op der Lëscht vun der Schéiss-Ausbildung dropstoung.
Dem Mann säin Handy ass confisquéiert ginn, als sougenannt «Tatwerkzeug». Aus der Policeschoul gouf de Mann och erausgehäit.