
Wéi d’Police matdeelt, war d’Affer op sengem Vëlo a Richtung Zentrum ënnerwee, ier hie bemol vun zwee jonke Männer ugehale gouf. Fir d’éischt hunn déi Zwee probéiert, him seng Sacoche ze klauen, woubäi dem Affer säin Handy op de Buedem gefall ass. Dësen hunn d’Täter du matgeholl, ier se a Richtung Skatepark geflücht sinn.
Vun der Police gi béid als jonk Männer beschriwwen, ee vun hinnen ass ca. 2 Meter grouss, huet mëttellaang brong Hoer, e Schnauz an hat zum Zäitpunkt vun der Dot eng gro Joggingsbox an e wäissen T-Shirt ugehat.
Den aneren Täter ass blond a war komplett an engem Jogging ugedoen. Hien ass op engem E-Scooter geflücht.
En Donneschdeg gouf ëm kuerz no Hallefnuecht iwwerdeems an een Haus an der Rue de Tétange zu Keel agebrach. Déi zwee presuméiert Déif konnten nach am Haus gestallt ginn a goufen op Uerder vum Parquet festgeholl. Si haten divers Wäertgéigestänn bei sech a goufen en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht.