Police melltJonken iwwerfall, Kreditkaart geklaut a presuméierten Drogendealer festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An engem Bus tëscht Gréiwemaacher a Réimech hunn zwou Persounen e Jugendleche beklaut an dobäi blesséiert.

Zwee Dotverdächteger konnten doropshin am CSEE Dräibuer ermëttelt ginn. Hei goufen divers geklaute Géigestänn fonnt a vun der Police saiséiert. De Parquet gouf doriwwer informéiert.

Eng Persoun gouf verdächtegt, eng Kreditkaart an enger Wunneng matgoe gelooss ze hunn. Dëse Verdacht huet sech no den Ermëttlunge vun der Police bestätegt. Eng Patrull vun der Police konnt de Mann nämlech zu Beetebuerg untreffen. Dësen hat déi geklaute Kaart e puer Mol benotzt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an eng Perquisitioun ordonéiert. Hien huet en Donneschdeg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Da mellt d’Police an hirem Bulletin, datt e Mëttwoch de Mëtteg e presuméierten Drogendealer op der Gare festgeholl gouf. Wärend enger Patrull sinn d’Beamten op dräi verdächteg Persounen opmierksam ginn. An der Rue Fort Elisabeth huet ee vun hinne versicht, sech duerch d’Bascht ze maachen, ma de Mann konnt vun der Police ageholl an immobiliséiert ginn. Wéi sech erausgestallt, hat de presuméierten Drogekonsument Drogen dobäi, déi hien am Virfeld kaf hat. De presuméierten Drogendealer gouf och kontrolléiert. Béid Männer hu misse mat op de Policebüro.

Back to Top
CIM LOGO