D'Brite wäerten also, et wot een et jo scho bal net méi ze soen, den 31. Januar aus der EU austrieden. Där Europäescher Unioun, déi nom zweete Weltkrich gegrënnt gouf, fir dass dat, wat do geschitt ass, net méi virkënnt.
Dat gëtt haut dacks vergiess, duerfir ass et besonnesch wichteg, Jonker drun ze erënneren an dat mécht de "Comité Témoins de la deuxième genératioun", dee reegelméisseg Studiëreesen an dat fréiert Konzentratiounslager vun Auschwitz organiséiert.
Seet een Auschwitz, denkt een un den 2.Weltkrich an déi grujeleg Massaker u jiddesche Bierger, ausgeüübt vun der SS.
Bis 1,5 Millioun Mënsche sinn tëscht 1940 a 1945 am Konzentratiounslager ëmkomm, vergaast ginn. 90 Prozent ware Judden. Ënnert anerem och aus Lëtzebuerg an d'däitscht Lager deportéiert.
Vun e leschten Donneschdeg bis e Méindeg waren d'Lycéesschüler zu Auschwitz. An déi iwwer 100 Jonker, déi en Dënschdeg zréckkomm sinn, hu ganz staark emotional Momenter sur place erlieft.
Am fréiere Konzentratiounslager vun den Nazien hunn déi Jonk de Paul Sobol an de Henri Juda kennegeléiert. Béid Hären hu vill Familljememberen zu Auschwitz verluer. Deene Jonke goungen d'Schudderen aus.
Bei dëser Rees op Auschwitz goungen déi Kéier fir d'éischte Kéier och Jonker aus dem Escher Jugendhaus mat. Dëst nodeems si d'lescht Joer de Paul Sobol kennegeléiert haten.