Op den Dag genee virun 81 Joer huet déi däitsch Wehrmacht d’Ardennenoffensiv lancéiert, déi bis Enn Januar 1945 Dausenden Zaldoten op béide Säiten a vill Zivilisten d’Liewe kascht huet. Fir dorunner ze erënneren, goufen haut queesch uechter d’Eislek Commemoratiounen organiséiert. Déi warscheinlecht gréisste war um Schumannseck bei Wolz. De Marc Hoscheid war sech ee Bild maachen.
Encadréiert gouf d’Zeremonie vun der Wëlzer Musikschoul. Wann een haut um Schumannseck steet, kann ee sech net virstellen, datt hei virun 81 Joer eng vun de schlëmmste Schluechte vum Zweete Weltkrich ofgelaf ass. Dat gëtt nach doduerch verstäerkt, datt net méi vill Zäitzeie liewen, déi erziele kënnen, wat sech deemools ofgespillt huet. Dowéinst wieren esou Commemoratioune wéi se haut organiséiert goufen ëmsou méi wichteg, huet d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes ënnerstrach.
“An ech fannen et immens flott, wann och Jonker bedeelegt sinn un dëse Commemoratiounen, well si sinn d’Bréck tëscht deem, wat geschitt ass an eiser Zukunft, hirer Zukunft. Dat heescht, datt si een Deel och vun den Temoignage sinn, datt si d’Geschicht studéieren, liesen an och wouerhuelen an déi richteg Konsequenzen zéie fir d’Géigewaart a fir d’Zukunft.”
An et waren dann och Schüler aus dem Wëlzer Lycée du Nord um Schumannseck present. Si hunn eng Optioun mam Numm “Passeurs de mémoire”. D’Lara erkläert, wéi si sech op hiren Optrëtt virbereet hunn.
“Dat wat mer haut alles virgefouert hunn, do hu mer eis dräi, véier Wochen drop virbereet. An zwar hu mer eis fir d’éischt eng Iddi gesicht, wat maache mer iwwerhaapt, well mer eppes aneres maache wollte wéi déi Jore virdrun. An do koume mer ganz séier op d’Iddi een Dialog ze maachen an zwar mat der Famill Melchior, well déi de Krich materlieft huet an dat gouf et sou nach net hei.”
D’Famill Melchior, dat waren eng Mamm an hir 8 Kanner, déi um Schumannseck gewunnt hunn a sech entscheet hunn, net ze flüchten, mee doheem ze bleiwen an dat bescht ze hoffen.
D’Léini ass an där selwechter Optioun wéi d’Lara a beschreift, wat si d’Joer iwwer soss nach an deem Fach maachen.
“Mir ware schonn zu Wolz d’Denkmoler kucken, mir maachen och nach verschidden Ausflich. Mir kruten och schonn hei de Schumannseck virgestallt vum Philippe Victor a mir maache relativ vill Aktivitéiten als Klass zesummen.”
Ma et gouf dësen Dënschdeg net just no hanne gekuckt, mee et goufen och Parallelle mat der Géigewaart gezunn, méi genee mat der Situatioun an der Ukrain. Dozou de Maksym Dotsenko, Generaldirekter vum ukrainesche Roude Kräiz.
“D’Leide vun den Zivilisten ass haut dat selwecht wéi virun 81 Joer. A wat onvirstellbar war, ee grousse Krich am Zentrum vun Europa am 21. Joerhonnert, fir eis war dat onvirstellbar, mee lo si mir domadder konfrontéiert. Mir musse staark sinn, fir duerzehalen.”
An och wann d’Situatioun net einfach wier, géing hien awer optimistesch bleiwen a wier dovun iwwerzeegt, datt d’Demokratie gewannen an d’Ukrain ee fräit Land bleiwe wäert. Zu Lëtzebuerg ass dat virun 80 Joer jo op alle Fall gelongen.