Digital Bezuelungen, Onlineabonnementer, Kreditter, Kryptowärungen an ëmmer méi Online-Shopping: Jonk Leit sti scho fréi viru komplexe finanziellen Entscheedungen. Gläichzäiteg setzen Inflatioun, ëmmer méi héich Liewenskäschten an d’Gefor vun Iwwerschëldung vill Familljen ënner Drock. Dem Educatiounsministère ass et wichteg, dass déi Jonk wëssen, wéi si mat Suen ëmgoe sollen. Dofir huet de Ministère elo en nationalen Aktiounsplang ausgeschafft, deen den Ëmgang mat de Suen an de Schoulen a Lycéeë systematesch stäerke soll.
De Finanz- an Ekonomiessecteur ass grouss, villfälteg a komplex. Genee esou wéi d’Froen, mat deene Kanner a Jugendlecher hautzedaags konfrontéiert sinn. D‘EU an d‘OECD, d‘Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung, fuerdere schonn zanter Joren eng systematesch Finanzbildung fir Kanner a Jugendlecher. Bis elo goufen dës Themen zu Lëtzebuerg nëmme punktuell an de Schoulen opgeholl. Et hätt un engem iwwergräifende Konzept gefeelt, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch. Zil wier et, déi Jonk staark ze maachen, fir finanziell Entscheedungen ze huelen a finanziell Erausfuerderungen ze verstoen an ze meeschteren.
“Mir wëllen natierlech erwuesse Biergerinnen a Bierger hunn, déi fir sech selwer déi richteg Decisiounen, wann et ëm Sue geet, kënnen huelen. Mä awer och déi richteg Choixen an der Gesellschaft kënne mat orientéieren an dofir brauche mir ee Grondaverständnis vum Ëmgang mat eise Suen. Eng kompetent Finanzbildung ass do den A an den O.”
Schüler a Schülerinne sollen d‘Wirtschaft besser verstoen, fir responsabel ze handelen, an eng eege finanziell Autonomie z‘entwéckelen. “Här a Meeschter iwwer seng eege Sue sinn”, wéi den Educatiounsminister seet. De ganze Programm besteet aus zéng Mesuren, déi op véier Schwéierpunkten definéiert goufen, an integral an de Léierplang integréiert wäerte ginn, wéi de Luc Belling vum SCRIPT, dem edukativen Fuerschungs- an Innovatiounsservice vum Educatiounsministère, dee sech ëm den Aktiounsplang këmmert, erkläert.
“An do hu mir vu Mikroskopesch op Makroskopesch gekuckt, dat z‘ënnerdeelen. Et fänkt wierklech mol ganz basic un: ‘Wat sinn iwwerhaapt Suen?’ Fir dann iwwer ze goen op: ‘Ech a meng Suen.’ Weider, do gëtt et dann ëmmer méi makroskopesch: ‘Ech als Deel vun der Gesellschaft.’ Wéi funktionéiert et also mat de Banken, mat de Bankkontoen? Dann awer och: ‘Ech a meng Zukunft.’ Et geet jo awer ëm Jugendlecher, do kommen iergendwa Froe vun den éischte Prêten.“
D‘Schwéierpunkte variéiere dem Alter no. Et wier wichteg, méiglechst fréi Kompetenzen z‘entwéckelen, fir ee responsabele Choix beim Ëmgang mat sengen eegene Sue kënnen ze huelen. Dowéinst géing ee schonn am Cycle 1 ufänken. Do freet ee sech natierlech, wat Spillschoulskanner mat Finanzen ze dinn hunn. Hei soll et net ëm komplex Begrëffer goen.
“De Finny ass am Fong e Projet, deen ech souguer nach aus menger Jugend kennen. De bekannte Kasperltheater, de Marionettentheater, eppes wat ëmmer funktionéiert huet deemools an der Spillschoul, am Cycle 1, an et ass eppes, wat mir och hei wëlle rëm méi fërderen. Dat heescht de Finny wäert op spilleresch Aart a Weis déi éischt Notioune vu Sue méi no bréngen.”
Verschidden Approchen, sinn ewell amgaang, anerer komme réischt fir d‘Rentrée d‘nächst Joer. Den Educatiounsministère wéilt spéider d‘Ëmsetzung am A behalen an eng Evaluatioun vun de Basiskompetenzen an der Finanzgestioun vun de Schüler maachen, an duerno wann néideg d‘Programmer an den Aktiounsplang ajustéieren.
Ee grousse Rendez-vous fir den Educatiounsministère am Beräich vun der Finanzbildung ass d’Pisaétude vun 2029, wou Lëtzebuerg fir eng éischte Kéier am Volet “financial literacy” wäert matmaachen, fir ze kucken, wou een a Punkto Finanzbildung steet.