
En onbekannten Täter hat hie geschloen an him ënner anerem seng Jackett, seng Turnschong a weider Wäertgéigestänn geklaut. D’Affer gouf beim Iwwerfall liicht blesséiert a koum fir eng Kontroll an d’Spidol.
Am Kader vun der Enquête konnt d’Police e Verdächtegen ermëttelen. Op Uerder vum Parquet gouf eng Perquisitioun op dësem senger Adress gemaach an déi geklaute Géigestänn konnte saiséiert ginn. D’Beamten hunn eng Plainte géint de Mann deposéiert.