
Op der Héicht vum Krichsdenkmal gouf hie vun zwee anere Jugendleche vu sengem Vëlo gestouss. Si haten hien op Lëtzebuergesch ugeschwat an him seng Sacoche ofgeholl. Dobäi solle si hien och mat engem Messer menacéiert hunn.
No der Dot waren déi presuméiert Täter an Direktioun vun der Kierch fortgelaf.
Bei béide soll et sech ëm jonk Männer am Alter tëscht 15 a 17 Joer handelen, déi tëscht 1.75 Meter an 1.80 Meter grouss sinn. Ee vun hinne soll donkelblond oder hellbrong Hoer an déif Reefer ënnert den Ae gehat hunn. Hie soll e schwaarze Pullover, eng schwaarz Joggingsbox a schwaarz Turnschong mat engem wäissen Nike-Logo a wäisse Suelen ugehat hunn. Deen anere Verdächtege soll donkelbrong gekrauselt Hoer an e Schnurres gehat hunn. Hie soll Wantergezei mat enger rouder Sträif drop ugehat hunn.
Wien Informatiounen iwwert déi presuméiert Täter huet, ass gebieden, sech bei der Stater Police ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 40 1000 oder via d’Mailadress police.luxembourg@police.etat.lu.