
Éischten Informatiounen no huet an der Allée Pierre de Mansfeld a Clausen e Grupp Leit dräi Jugendleche mat engem Taser an enger Schosswaff, bei där et sech ëm eng Schreckschosspistoul handele kéint, menacéiert, fir hinnen divers Géigestänn ze klauen. Obwuel d’Police sech direkt op d’Sich gemaach huet, konnten déi presuméiert Täter net fonnt ginn. Vun de Jugendleche gouf kee blesséiert an et gouf Plainte gemaach.
Géint 1.28 Auer e Freideg an der Nuecht huet sech e jonke Mann bei der Police gemellt, dee vun enger Partie Jugendlechen um Tramsarrêt um Hamilius iwwerfall gi war. De Grupp soll d’Affer festgehalen a beklaut hunn, éier de Mann sech lassrappe konnt a geflücht ass. Och hei konnten déi presuméiert Täter net ermëttelt ginn.