CSV kritiséiert Regierung"Just Äntwerten op Froe vu gëschter"

RTL Lëtzebuerg
D’CSV bedauert, datt de Premier d’Ried zur Lag vun der Natioun an en Debat iwwert den Neistart no der Corona-Kris op den Hierscht verréckelt huet.

RTL-News: Aktuell Situatioun vun der Pandemie - Xavier Bettel: "Kollektiven Effort a Solidaritéit si weider gefrot" An der Ried vum Xavier Bettel e Mëttwoch hätt ee just Äntwerten op Froe vun e Mëttwoch kritt, sou d’CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen den Donneschdeg de Moien an der Chamber.

Si huet ënnert anerem op Existenz-Ängschte vun de Betriber higewisen an dofir eng Stäerkung vun der Kafkraaft vun de Leit gefuerdert. De Konsum misst ugekuerbelt ginn, och wann de Konsum méi nohalteg sollt sinn. Donieft huet d’Martine Hansen verlaangt, datt d’Landwirtschaft net méi ignoréiert géing ginn a si huet – opgrond vu ganz ville Reklamatiounen am Schoulwiese gefuerdert, datt ee sech Pläng gëtt, fir bei der Rentrée an am Fall vun enger neie Pandemie besser organiséiert ze sinn. Och d’Santé soll am Géigesaz zu virun der Kris eng nei Prioritéit sinn.

Kritik gouf et vum Martine Hansen dann iwwert d’Kommunikatioun vun der Regierung an de leschte Méint. Déi éischt "chaotesch" Covid-Gesetzer hätten dat falscht Signal erausginn. Fir de Fall, wou eng Tracing App awer eng Optioun géing ginn, wier et dowéinst wichteg, datt d’Regierung elo net erëm eng Mesure lächerlech mécht an duerno probéiert, d’Leit dovunner ze iwwerzeegen.

Dat eenzegt, wouriwwer sech all d’Parteien eens wieren, sou d’CSV-Fraktiounscheffin, dat wier, datt keen een zweete Lockdown wéilt. Dofir war et och den Appell vun der Oppositiounspartei un d’Verantwortung vun de Leit: "D’Corona-Zäit ass keng Party-Zäit."

Back to Top
CIM LOGO