"Regards vum Statec"Just nach 27% vum Salariat si Residentë mat Lëtzebuerger Nationalitéit

Pit Everling
2/3 vun de Lëtzebuerger schaffen an deene Secteuren, déi éischter gutt bezuelt sinn.
© Shutterstock

Lëtzebuerger schaffen op de Plazen, op deenen am meeschte remuneréiert gëtt. Cols Blancs maache mëttlerweil 2/3 vum Salariat aus. D'Part vu Leit mat Unisdiplom huet staark zougeholl.
Ënner anerem dat seet déi nei Editioun "Regards vum Statec".

Statec/Reportage Pit Everling

A verschiddene Secteuren hu ronn 3/4 vun de Salariéen en Diplom vum niveau tertiare. Hei handelt et sech ëm spezialiséiert technesch Beruffer, respektiv Wëssenschaftler, ëm den Enseignement, oder nach de Finanz- an Assurancëberäich.

Allgemeng hätten hautdesdaags vill méi Leit Uni gemaach ewéi soss, sou de Paul Reiff vum Statec: "Déi Leit mat Secondairesofschloss hu virun 20 Joer nach d'Hallschent ausgemaach, déi Part ass geschrumpft op elo nach en Drëttel. Déi Part vu Leit mat BTS, Bachelor, Master si staark geklommen."

Ganz anescht gesäit et zum Beispill am Horesca-Beräich aus, do hu méi wéi 90% vun de Salariéë keng Uni gemaach. Knapp d'Hallschent huet de Secondaire net ofgeschloss.

An der administration publique maache Leit mat enger Treizième oder Première iwwerdeems d'Majoritéit aus. Déi wäiss Kollien, also d'Büropersonal, representéiert entretemps 2/3 vum Salariat zu Lëtzebuerg.

"Dat huet mat der Entwécklung vun der Finanzplaz ze dinn an alle Servicer, déi ronderëm sinn. D'Cols blancs qualifiés, zum Beispill Direkteren, Kaderen awer och professions intellectuelles a scientifiques, déi hu sech ganz staark developpéiert."

Administrativ Poste wieren der vill verschwonnen, bei der manueller Aarbecht wier d'Situatioun zwar konstant.

"Woubäi een do muss soen, dass mer éischter en Zouwuess hu bei manner qualifizéierte Posten, déi sougenannt Hëllefsaarbechter. Déi qualifizéiert cols bleus sinn zeréckgaangen."

45% vun de Leit um Aarbechtsmarché si Frontalieren, 28% sinn auslännesch Residenten, just nach 27% si Lëtzebuerger, derbäi kommen 2% Lëtzebuerger Frontalieren.

"Bei de Lëtzebuerger hu mer e grousst Mëttelfeld mat Diploméierten aus dem Secondaire. Mir hunn awer méi en nidderegen Taux vun Universitairë wéi bei den Auslänner, déi hei wunnen. D'Lëtzebuerger sinn och konzentréiert a verschidde Secteuren: Santé, Enseignement, Administration publique a Finanzen."

Anescht wéi bei de Lëtzebuerger gëtt et eng ganz staark Polariséierung, et gëtt ganz vill héich Qualifizéierter, awer och ganz vill niddereg Qualifizéierter.

Allgemeng kann een nach soen, datt d'Lëtzebuerger zu 2/3 an deene Secteure schaffen, déi éischter gutt bezuelt sinn.

Back to Top
CIM LOGO