Neie Prisong méi deier, wéi geduechtJustiz-Budget klëmmt 2023 ëm 15 %

RTL Lëtzebuerg
Mat 259 Milliounen Euro mécht de Budget vun der Justiz d'nächst Joer knapp ee Prozent vum Staatsbudget aus.

E Mëttwoch huet d’Justizministesch Sam Tanson an der zoustänneger Chamberkommissioun Prezisiounen zum Justiz-Budget fir 2023 ginn.

D’Majoritéit vun de Gelder ass fir Personalkäschten, d’Digitalisatioun a fir nei Institutioune wéi zum Beispill de Conseil national de Justice. Zu de Prioritéite vum Justizministère fir dat nächst Joer gehéieren nieft dem Schafe vun dësem Conseil och d’Schafe vum digitalen Enregistrement fir Entreprisen an de Bau vum neie Prisong um Uerschterhaff. Dëse gëtt iwwerdeems méi deier ewéi geduecht a kascht elo 104 amplaz vun 81 Milliounen €.

Beim Personal gëtt engersäits den Effectif an enger Partie Institutiounen eropgesat an anerersäits ginn nei Poste geschaaft. Dozou gehéiert de Poste vum Référendaire de Justice, deem seng Aufgab et ass, d’Magistrater ze ënnerstëtzen. De Gesetzesprojet fir d’Schafe vun dësem Posten läit den Ament an der Justizkommissioun vun der Chamber. Donieft gouf an der Kommissioun iwwer e méigleche Rekrutement vu weidere Giischtercher fir den neie Prisong um Uechterhaff diskutéiert.

De Ministère wäert Enn 2023, Ugangs 2024 an en neit Gebai beim Rond-Point Serra plënneren. Am Kader vun deem Demenagement soll eng vun de Prioritéiten dorop leien, d’Archiven ze digitaliséieren.

D’Ministesch huet och ënnerstrach, dass d’Justiz den Ament u Gesetzestexter iwwer d’Tutelle an den zukünftege Mandat de Protection schafft. Dës sollen d’nächste Mount an déi entspriechend Kommissioune goen.

Back to Top
CIM LOGO