Iwwer 2.000 Leit hutt et e Sonndeg an d’Stad gezunn, fir un der Säit vum OGBL op der 1.-Mee-Maniff fir den Index ze manifestéieren. D’Police schwätzt um Sonndeg Nomëtteg vu maximal 2.500 Leit, d’Gewerkschaft selwer vu 5.000.
“Mir sinn déi gréissten demokratesch Vertriedung an déi eenzeg wierklech Gewerkschaft vun de schaffende Leit an hire Famillen zu Lëtzebuerg”. Dat sot d’Presidentin vum OGBL Nora Back fir den Optakt vun hirer Ried an der Abtei Neimënster, nodeems d’Maniff vun der Stater Gare aus bis an de Gronn gezunn war. Déi schaffend Leit géingen duerch eng Politik vu Sozialofbau ugegraff ginn. D’Tripartite wier mëssbraucht ginn, fir den Index bis an d’Joer 2024 eran a bis an déi nächst Legislaturperiod ze manipuléieren. Dobäi géing et guer net alle Betriber am Land schlecht goen, wéi dat vum Patronat géing duergestallt ginn. D’Presidentin vum onofhängege Gewerkschaftsbond huet ënnert anerem op de Bankesecteur higewisen, wou an engem Joer e Gewënn vun 30 Prozent gemaach gi wier, awer och op grouss multinational Betriber a grouss Supermarchéen, déi wärend der Pandemie weiderschaffe konnten.
D’Kompensatiounsmesuren, notamment de Steierkredit, huet d’Nora Back als “Almosepolitik” bezeechent, mat där sollt vun der Indexmanipulatioun ofgelenkt ginn. D’Presidentin vum onofhängege Gewerkschaftsbond huet iwwerdeems un all d’Deputéiert an der Chamber appelléiert, den Tripartite-Accord net z’ënnerstëtzen.