Zu Beetebuerg wunnen d’Claire an den Dan Schmitz mat hiren 3 Kanner. Hir zwee Meedercher hunn an der Schoul schonn iwwert de Krich geschwat. Awer och de Fredo, dee jéngsten aus der Famill, huet scho vum Putin héieren. Hie versteet nach net esou vill dovun, awer seng zwou Schwësteren hu vill Froen. Et ass wichteg fir déi Jonk, dass ee si iwwer d’Aktualitéit informéiert. Si brauchen e Gefill vu Sécherheet an dat kréie si net, wann een net mat hinne schwätzt. D’Jugendstuff zu Munneref geet mam gudde Beispill fir. D’Annie Loschetter ass Responsabel an erkläert, dass si ganz vill Wäert op den Input vun deene Jonke leeën. Soubal een en Thema uschwätzt, dat him um Häerz läit, féiere si eng Diskussioun doriwwer.
De Ruben an den Alex komme reegelméisseg an d’Jugendstuff. Hei kënne si sech ënnerteneen austauschen oder sech och just mat Kolleegen treffen, fir op aner Gedanken ze kommen.
D’Hoffnung bleift bei alle Kanner a Jugendlechen déi nämmlecht: Si wëllen, dass de Krich ophält.