Reform funktionéiertKanner mat spezifesche Besoine gi manner dacks aus Schoul geholl

Fanny Kinsch
Lynn Kayser
Zanter dem Ufank vum Schouljoer ass d’Zuel vun de Kanner, déi en Encadrement am reguläre Schoulsystem kréien, an d’Luucht gaangen.
© RTL Télé Lëtzebuerg (Archiv)

Reform "Education différenciée" / Rep. Fanny Kinsch

Am Oktober sinn zum Beispill ronn 750 Kanner vu regionalen Acteure betreit ginn, dat waren der schonn 200 méi wéi dat Joer virdrun, elo sinn et der iwwer 1.000. Fir den Educatiounsministère ass dat en Zeechen, datt d’Reform vun der Education différenciée funktionéiert.

Et ginn nämlech manner Kanner baussent dem reguläre Schoulsystem encadréiert wéi virdrun – am Ganze ronn 550. Déi meeschte Kanner, déi net an der Reegelschoul sinn, sinn am Centre pour le développement intellectuel. Hei wier d’Zuel vu Schüler zanter leschtem Schouljoer liicht zréckgaangen, seet de Lex Folscheid, Premier Conseiller am Educatiounsministère.

D'Haaptzil vun der ganzer Reform war, fir eng Exklusioun ze evitéieren. Mir hunn dofir och drop gehalen, fir datt 80 Prozent vun de Ressourcen an ambulant Strukture gestach ginn, a Prise en Chargen an Zerwisser an der Schoul bei de Kanner am Klassesall ukommen.

De Lex Folscheid: Am Lëtzebuerger Gesetz ass virgesinn, datt d’Elteren decidéiere kënnen, ob hiert Kand soll an der Reegelschoul scolariséiert ginn oder net, dowéinst géifen et och weiderhi Strukture baussent dem reguläre System ginn.

D'Haaptzil vun de verschiddene Spezialisten op lokalem, regionalem an nationalem Niveau wier et awer, fir den Enseignanten déi néideg Ressourcen zur Verfügung ze stellen, fir d’Kanner an der Klass ze halen, seet de Lex Folscheid.

De Beamte mengt éischter net, datt et haut méi Kanner mat spezifesche Besoinen ginn – virun allem géif haut méi genee gekuckt ginn, wou d’Problemer vun de Kanner hierkommen.

De Lex Folscheid: Letztlech ass et awer eng Diskussioun, déi menger Meenung no e bësse laanscht den eigentleche Problem geet a laanscht déi eigentlech Zilsetzung, déi mer eis misste ginn, an zwar dass all Kand déi Ënnerstëtzung kritt déi et brauch, fir kënnen adequat beschoult ze ginn a fir Zukunftschancen an eisem Schoulsystem kënnen ze kréien. A mir sinn an der Obligatioun, fir eis déi Moyenen ze ginn.

Dowéinst rekrutéiert den Educatiounsministère och weider Spezialisten, et sollen zum Beispill d’nächst Joer am Duerchschnëtt dräi zousätzlech Poste pro regional Struktur geschaaft ginn. Am Moment wier et allerdéngs nach schwiereg, Leit ze fannen, esou de Lex Folscheid, well et déi Zort vu Posten an der Vergaangenheet net gouf. De Secteur misst nach opgebaut ginn.

Back to Top
CIM LOGO