Chem-AuditKee Mobbing, mä "latent Konflikter" ouni konstruktiv Léisungen

Roy Grotz
An der Conclusioun vum Auditeur heescht et, datt d'Beschëllegunge vu Mobbing am Spidol net géifen zoutreffen.
© RTL-Archiv

Dat schreift de Verwaltungsrot vum Chem e Freideg de Mëtteg an engem Communiqué. No Accusatioune vu Mobbing bannent de Spidol-Ekippen am Chem läit nämlech elo en Audit vir, deen de Verwaltungsrot vum Spidol an Optrag ginn huet a woufir 28 Leit gefrot goufen.

De Verwaltungsrot gesteet awer och, datt et duerchaus grave Dysfonctionnementer iwwer länger Zäit goufen, vun deenen d'Direktioun an de Conseil net am Bild gewiescht wieren.

Den Audit seet nämlech aus, datt et "latent Konflikter" ginn hätt, déi net konstruktiv geléist gi wieren, sou datt et duerchaus zu psychosoziale Problemer bannent de Chem-Ekippe komm wier.

En Aktiounsplang soll sou Situatiounen an Zukunft verhënneren an op den Bien-Être vum Personal setzen. Dozou gehéiert ënnert anerem de Parrainage vun neien Spidol-Responsabelen, wou och bei der Nominatioun vun dëse Kadere soll op psychosozial Kompetenzen opgepasst ginn.

Dem Chem-Verwaltungsrot no gëtt dësen Aktiounsplang ewell déi nächst Wochen ëmgesat.

PDF: Chem Audit Communiqué

Back to Top
CIM LOGO