DéifferdengKee Permis, Auto saiséiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend gouf d'Police op e Chauffeur opmierksam, deen e puer Problemer beim Parken hat.

Wéi d’Police matdeelt, wier den Automobilist e puer Mol géint en Auto gerannt, deen um Stroosserand ofgestallt war, ass dono awer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren, einfach weidergefuer.

D’Police huet de Mann du gestoppt an hien op säi Feelverhalen opmierksam gemaach. Bei der Iwwerpréiwung vun den Donnéeë koum eraus, dass de Chauffeur net am Besëtz vun engem Fürerschäin wier.

De Parquet huet ordonéiert, den Auto ze saiséieren, de Virfall gouf protokolléiert.

Ënner Drogenafloss hannendrop gefuer

Um Donneschdeg de Moien sinn zu Jonglënster an der Route de Luxembourg zwee Liwwerween anenee gerannt. Deen éischte Chauffer war bei engem Zebrasträife stoe bliwwen, fir e Foussgänger laanscht ze loossen. Dat huet dee Won hannendrun ze spéit bemierkt, an ass deem aneren hannendrop gefuer.

Op der Plaz huet d’Police den Alkohol- an Drogenafloss kontrolléiert. Den Drogeschnelltest vum Chauffer, deen hannendrop gefuer ass, war positiv an hie gouf protokolléiert. Deen anere Chauffer koum fir eng Kontroll an d’Klinik.

Back to Top
CIM LOGO