Äntwert op parlamentaresch FroKee Su méi fir Kardinol a Co

RTL Lëtzebuerg
De Fait, datt den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich am Oktober vum Poopst zum Kardinol genannt gouf, bréngt keng Fraise fir de Staat mat sech.
© RTL Archivbild

Dat äntwert de Kultusminister Bettel op eng parlamentaresch Fro vum gréngen Deputéierten François Benoy, dee wollt wëssen, op déi wichteg Changementer un der Spëtzt vun der kathoulescher Kierch e finanziellen Impakt fir de Staat hunn.

“Hu se net”, seet also de Minister Bettel, deen drop hiweist, datt esouwuel de Kardinol Hollerich, grad wéi de Weibëschof Léo Wagener nach ënnert dem fréiere Paie-System bezuelt ginn, well se zum Geeschtleche geweit goufen, ier d’Trennung vu Kierch a Staat 2016 gesetzlech verankert gouf.

Deemno bleiwen dës Paschtouesch-Paien ënnert dem fréiere System fir de Kardinol an de Weibëschof onverännert an bréngen och keng Méi-Käschte fir de Staat mat sech.

De Xavier Bettel präziséiert a senger Äntwert iwwerdeems och, datt hien net virun der Nominatioun vum neie Kardinol vum Poopst Franziskus iwwert dës Decisioun an d’Bild gesat gi wier, esou eng legal Obligatioun géif et fir d’verschidde Cultes och net ginn.

PDF: Parlamentaresch Fro vum François Benoy

Back to Top
CIM LOGO