Claude MeischKeng Dispensë fir d'Ackerbauschoul zu Ettelbréck

RTL Lëtzebuerg
D'Enseignanten an den Direkter vum Lycée technique agricole si géint d'Zesummeleeë vun den A- a B-Klassen an hunn eng Dispense fir hiert Gebai gefrot.
Meisch: Keng Dispensë fir d'Ackerbauschoul zu Ettelbréck
D'Enseignanten an den Direkter vum Lycée technique agricole si géint d'Zesummeleeë vun den A- a B-Klassen an hunn eng Dispense fir hiert Gebai gefrot.

D'Proffegewerkschaft Féduse huet sanitär Bedenken. Vun e Méindeg u misste bis zu 30 Persoune stonnelaang an engem Klassesall zesumme sëtzen. Dat ouni Maskeflicht a Sécherheetsofstand. De Konferenzcomité vun der Akerbauschoul ënnersträicht, datt Studien, déi beleeën, datt Kanner manner ufälleg fir de Covid-19 wieren a manner ustieche géifen, fir de Secondaire net gëlle géifen. Eng Erkenntnis, déi och den Direkter vun der Santé dës Woch mat der Press gedeelt huet.

Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé:"Dat ass effektiv koherent mat den neien Erkenntnisser, wou déi berüümte Rezeptore bei de Kanner bis 10-12 Joer déif sinn an duerno eropginn. Dat heescht, e Jugendleche vu 14-16 Joer ass wéi en Erwuessenen ze consideréieren op deem Punkt."

Secondaire: Kritik um Opléise vun A/B-Gruppen

En Enseignant am Secondaire kéint bannent enger Woch bis zu 200 Schülerkontakter hunn, ënnersträicht de Comité aus der Akerbauschoul. Dofir sollt een elo virun der Vakanz keng esou Experimenter maachen.

Claude Meisch, Educatiounsminister: "D'Experienz weist jo awer och mëttlerweil zu Lëtzebuerg, dass déi Jonk bis 20 Joer a souguer doriwwer eraus däitlech manner oft infizéiert sinn, manner oft hospitaliséiert waren an de Virus och manner weider gedroen hunn. An dorop musse mer eis awer och hei kënne baséieren."

D'Zesummeféiere vun de Klasse wär och vun der Santésdirektioun guttgeheescht ginn. Bis ewell wieren an de Lycéeën 9 Schüler an 2 Enseignantë positiv getest ginn. Et hätt sech gewisen, dass si sech net an der Schoul ugestach hätten, wat och de Resultater vu villen internationalen Etüden entsprieche géif.

Claude Meisch:"An dorop baséiere mer eis jo och an eiser Politik, fir d'Schoulen elo nees ganz opzemaachen. Awer nach ëmmer mat ganz ville Restriktiounen, déi mer wierklech musse respektéieren. An ech soen et nach eng Kéier: Déi Infektiounen, déi mer momentan hunn, sinn an der Reegel duerch Partyen, duerch wëll Fester, duerch onkontrolléiert Aktivitéiten."

Dat géif net op d'Schoul zoutreffen. Um pedagogesche Plang ënnersträicht d'Féduse, dass ee mat den hallwe Klasse besser Lacunnen opschaffe kéint, déi wärend dem Confinement entstane wieren, wéi mat der ganzer Klass.

Claude Meisch:"Mir si fest dovunner iwwerzeegt, datt all Schouldag et wäert ass ze goen, grad an engem Schouljoer, wou mer esou wéineg Schoul haten."

Keng Dispensë fir d'Ackerbauschoul zu Ettelbréck

Fir d'Akerbauschoul bréngt d'Zesummeféiere vun de Klassen och gréisser organisatoresch Problemer mat sech. Dofir hätt d'Direktioun och eng Dispens ugefrot, fir d'Klassen elo virum Enn vum Joer net méi mussen zesummenzeleeën. Zu der Dispens wäert et awer net kommen.

"Et gëtt keng Dispensë fir d'Ackerbauschoul zu Ettelbréck", dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch am RTL-Interview, nodeems d'Enseignanten an den Direkter vum Lycée technique agricole betount hunn, datt si géint d'Zesummeleeë vun den A- a B-Klassen sinn an eng Dispense fir hiert Gebai gefrot haten.

Claude Meisch:"Dat ass e Reglement grand-ducal, dee gëllt fir all Schoul. Och fir d'Akerbauschoul. Mä natierlech muss een do och flexibel reagéieren, um Terrain op organisatoresch Schwieregkeeten, déi vläicht eng Akerbauschoul aneschters huet wéi en anere Lycée."

Et hätt ee vollst Verständnis fir all organisatoresch Schwieregkeeten, déi d'Changementer nach emol mat sech bréngen, huet de Claude Meisch gesot, mä bleift awer bei der Meenung, datt ganz Schoulhale fir all Schoul besser ass wéi nëmmen hallef.

Claude Meisch: "D'Finalitéit vun der Schoul ass wierklech d'Schüler present ze hunn an eppes ze vermëttelen. An datt mer do Weeër fannen, fir iwwert déi organisatoresch Problemer ewech och an där enger an anerer Woch d'Schüler ganz am Grupp ze hunn an dann och richteg kënne Schoul ze halen, fir dat opzefänken, wat verpasst ginn ass."

Och bei der Rentrée wäert de Virus nach net fort sinn, betount den Educatiounsminister.

Claude Meisch:"Mir musse wëssen, datt mer net op d'Dauer just hallef Schoul kënnen halen. Mir hu vill nozehuele vun dësem Schouljoer an dofir ass et wichteg, all Dag a Woch ze notzen. Mir kucken, wat fir Forme vu Rattrapage een iwwert de Summer ka maachen a wéi ee bei der Rentrée op eventuell Lacunnen zréck ka kommen."

Den Educatiounsminister ass der Meenung, datt, wann d'Infektiounen am Hierscht erëm klammen, et immens wichteg ass, sou vill wéi méiglech Tester op en Neits ze maachen, fir am Land méiglechst normal ze funktionéieren.

RTL-Artikel: Lycée technique agricole freet Dispens wat Zesummeleeë vu Klassen ugeet

Back to Top
CIM LOGO