
Dat wat am Fondamental oder och nach am klassesche Lycée nach ze maache wier ouni gréisser Adaptatiounen, wier mat de ville Klassen an der Formation professionnelle am LTA ganz schwéier méiglech, heescht et vum Comité de la conférence an engem oppene Bréif.