
Wat mécht ee bei Temperature vu bal 40 Grad fir sech ofzekillen? Déi eng bleiwen dobannen a beschäftege sech mat Handy, Tëlee a co., déi aner profitéiere vu klimatiséierte Shopping-Zentren, an déi déi eng hunn, loossen d'Klimaanlag op Héichtoure lafen. Alles dat verbraucht Stroum, do läit de Gedanken no, datt d'Netz an der lescht méi staark belaascht war. Deem war awer am Grand-Duché net esou: D'Netzlaascht ass just ëm 5-6% wärend der Hëtztwell geklommen. De Marc Meyer vun der Creos erkläert dat ënner anerem domat, datt déi 36.200 Photovoltaik-Anlagen am Land duerch d'Sonn méi produzéiert hunn an domat och de méi héije Stroumverbrauch opfänken:
"Et ass och esou, datt d'PV-Anlagen, déi da moies grondsätzlech elo mol vu siwe bis sechs, jee nodeem wéi den Dag och geriicht ass, erandrécken, d'Consommatioun dann erofdrécken an eigentlech zu dësen Zäite fir e Consommateur, wéi eebe grad mat enger Kältemaschinn, eigentlech ideal sinn.
Ma net just d'Sonnenenergie suergt fir eng stabil Stroumversuergung an extreme Wieder-Konditiounen. Hei am Land kann nämlech bei Ausfäll op genuch Alternativen zréck gegraff ginn:
"Et ass esou, datt eise Reseau eigentlech am N-1-Krittär dimensionéiert ass, dat heescht, datt an anere Wierder eis Leitunge duebel ausgeluecht sinn am Héichspannungsberäich, soudatt am Ausfall vun enger Leitung, engem Element, dat anert iwwerhëlt. Dat heescht awer och am Ëmkerschluss, an normale Bedingungen, si mer ni iwwer 50 % Belaaschtung an eisem Netz."
An awer huet ee sech wéinst den aussergewéinlech héijen Temperaturen och bei der Creos ugepasst, virun allem wat d'Aarbechten um Reseau ugeet:
"Mir hunn am Fong preventiv schonn d'lescht Woch d'Aarbechtszäite geännert. Mir schaffe vu sechs bis hallwer dräi, virun allem an der Konstruktioun dobaussen, wou mer dann d'Aarbechte relativ fréi an de Moie verleeën. Mir hunn awer op der anerer Säit och eng Partie Clientèlen a wou mer Servicer bei Clientë maachen, zum Beispill d'Uschlëss, do sinn d'Ekippen awer nach wie vor an den normalen Aarbechtszäiten ënnerwee." Sou de Marc Meyer.
Am allgemenge kann een also soen: D'Hëtztwell huet hei zu Lëtzebuerg net fir Iwwerlaaschtungen an Enkpäss gesuergt.