Neit Covid-GesetzKeng formell Oppositioun vu Staatsrot, Ënnerstëtzung ma och Kritik vun CCDH

RTL Lëtzebuerg
Den Avis vum Staatsrot an dee vun der Mënscherechtskommissioun zum neie Covid-Gesetz sinn do.

Vum Staatsrotgëtt et keng formell Oppositioun. Allerdéngs mécht déi héich Kierperschaft eng Rei Remarken. Ënner anerem géing sech zwar op national Statistike baséiert ginn, mä et géing keng Referenzen op wëssenschaftlech Donnée ginn. Am Dezember waren d’Reegele méi strikt gemaach ginn, fir iwwer d’Feierdeeg d’Kontakter ze limitéieren. Elo fir d’Fuesent géingen d’Mesurë méi labber gemaach ginn, gëtt de Conseil d’Etat ze bedenken.

Knapp ee Mount nom obligatoreschen 3G op der Aarbecht géif dës Mesure nees ofgeschaaft ginn, ouni datt dat begrënnt gëtt an ouni datt den Impakt vun dëser opwänneger Moossnam evaluéiert gouf. De Staatsrot freet sech dann, firwat am Text just privat Entreprisë viséiert sinn, ob et sech ëm en Oubli oder ëm Absicht handelt. Dësen Dispositif riskéiert Inegalitéiten ze schafen an domat géint d’Verfassung ze verstoussen.

Wann den Artikel mam 3G op der Aarbecht net ofgeännert gëtt, kéint dat en Impakt op d’Dispens vum zweete Vott hunn, sou nach de Conseil d’Etat

An hirem kriteschen Avis iwwert d’neit Covid-Restriktiounsgesetz begréisst déi consultativ Mënscherechtskommissioun, datt d’Regierung op de Wee geet, fir d’Mesurë méi labber ze maachen, trotz allem seet ee sech ganz virsiichteg, wat de weidere Verlaf vun der Pandemie ugeet.

Och fir d’Zukunft freet d’Kommissioun duerfir, datt d’Regierung Mesuren hëlt, déi kloer, prezis a justifiéiert sinn an net dauernd nees changéieren. Wann dëst net de Fall wier, géif d’Regierung all hir Kredibilitéit op d’Spill setzen, sou d’Membere vun der Kommissioun.

D’CCDH stellt déi fundamental Fro, ob mat den neien Mesuren nach eng Diskussioun iwwert d’Impfobligatioun Sënn mécht. Et gëtt sech gefrot, ob d’Regierung weider op “Drock” setzt via eng Impfflicht, oder ob et lo eng nei Approche gëtt.

An deem Kontext fuedert d’CCDH och nach emol, datt e Pandemie-Gesetz soll verfaasst ginn.

Fir keng Ongerechtegkeeten ze schafen, well d’obligatoresch Quarantaine-Bestëmmungen jo ewechfale sollen, plädéiert d’CCDH derfir, datt d’berufflech Protectiounsmesuren, fir Leit, déi sech op eegen Decisioun an Auto-Quarantaine setzen, awer solle bestoe bleiwen. Dëst sinn zum Beispill de Congé pour raisons familiales an e Justificatif, wann een net wëll schaffe goen.

Wann den Text en Donneschdeg adaptéiert an de Rapport ugeholl gëtt, kann dat neit Covidrestriktiounsgesetz e Freideg gestëmmt an dann direkt fir de nächste Weekend ëmgesat ginn.

“Eng spierbar Erliichterung” sou bezeechent d’Chambre des Métiers an hirem Avis, déi méi soupel Covid-Mesuren, déi e Freideg wäerte gestëmmt ginn.

Absënns, datt a Bistroen a Restauranten nees déi normal Ouvertureszäite solle gëllen an datt d’Quarantaine ewechfält, stéisst op den Accord vun der Handwierker-Kummer, wëll domat den Absenteismus géif erofgoen.

Kritiséiert gëtt awer d’iwwerstierzt Aart a Weis, mat där d’Regierung dës nei Mesuren lo nees hëlt. Dëst géif all Previsibilitéit ferm hypothekéieren.

Froe stellt sech d’Chambre des Métiers och iwwert dat fakultatiivt Aféiere vun den 3G-Reegelen an de Betriber. Et freet ee sech, wéi dës Mesuren de Sozialdialog an de Betriber wäert beaflossen.

D’Handwierkervertrieder fuerderen awer, datt kloer d’Prämisse missten definéiert ginn an datt a Betriber, déi keng Personaldelegatioun hunn, de Patron misst eegestänneg kënnen iwwert d’Aféiere vum 3G decidéiere kënnen.

PDF: Den Avis vum Staatsrot

Back to Top
CIM LOGO