De Claude Meisch am InterviewKeng Impfflicht an de Schoulen

RTL Lëtzebuerg
Och an de Schoule wäert et keng Vaccinatiouns-Flicht ginn, dat seet den Educatiounsminister an engem Interview mat eise Kolleege vun RTL 5 Minutes.

De Claude Meisch hofft awer, datt sech d'Enseignanten sou séier wéi méiglech wäerten impfe loossen, well si natierlech physesch no un de Kanner an de Klassesäll dru sinn.

Zefridde weist sech de liberale Minister driwwer, datt hei am Land manner Schoule wärend der Pandemie zougemaach goufen, wéi dat am Ausland de Fall war.

De Claude Meisch weess awer, datt wärend der Pandemie net all Schüler, déi selwecht Méiglechkeeten hat, fir ze léieren, sou datt dee Wëssens-Niveau effektiv net fir jiddwereen identesch wier. Et géifen dem DP-Minister no Jonker ginn, déi an der Kris géife leiden, an och ëm si misst sech am Educatiounssystem gekëmmert ginn.

Datt sech de Schoulbetrib digitaliséiert huet, begréisst de Claude Meisch, deen dës digital Méiglechkeete wëll an de Klasse perenniséieren.

Dee kompletten Interview mam Claude Meisch kënnt dir an Toun a Bild um Site vun RTL 5 Minutes suivéieren, wou och aner Regierungsmembere wäerten ëm hir Vue op d'Krisejoer gefrot ginn.

E Freideg ass et an där Serie z.B. den Tour um grénge Vize-Premier François Bausch, d'nächst Woch mëttwochs dann um Staatsminister Xavier Bettel.

Les ministres face au coronavirus - Claude Meisch: "Je suis fier qu'on ait insisté pour garder les écoles ouvertes"

Back to Top
CIM LOGO