Franz Fayot"Keng Indextranche wäert annuléiert ginn"

RTL Lëtzebuerg
5,8% Inflatioun fir dëst Joer, 2,8% fir d’nächst Joer - de Statec huet seng Previsiounen an d’Luucht gesat.

De Krich an der Ukrain an déi streng Covid-Mesuren a China loossen d’Präisser klammen a féieren zu Enkpäss. Am Abrëll louch d’Präisdeierecht op ee Joer gekuckt bei 7%. Bei de Pëtrolspräisser geet een aktuell vun enger Präishausse fir dëst Joer vun 39% aus.

D’Inflatioun – d’Präisdeierecht – hält also weider un an d’Indextranche, déi am August virausgesot gouf, kéint schonn am Juni erfalen. Déi gëtt awer net ausbezuelt, well d’Tripartite-Mesurë jo virgesinn, datt bis Enn 2023 keng zwou Tranchë bannent engem Joer kënnen erfalen. Et gëtt och méi warscheinlech, datt virun Abrëll 2023 nach eng weider Indextranche géing fälleg ginn. Well d’Inflatioun wuel wäert méi laang unhalen ewéi erwaart, riskéiere méi Tranchë verréckelt ze ginn. Ma de Wirtschaftsminister Franz Fayot huet e Mëttwoch um Bord vun enger Pressekonferenz verséchert, “datt keng Indextranche wäert annuléiert ginn”.

Falls méi ewéi eng Indextranche bannent engem Joer misst verréckelt ginn, da misste wuel déi verréckelt Tranchen nom Oflaf vum Stéchdatum vun der Tripartite Enn 2023 mateneen ausbezuelt ginn. Wéi dat genee soll oflafen oder ob et weider Modulatioune géinge ginn, dat wier dann un der nächster Regierung - no de Chamberwale vun Oktober 2023 - ze decidéieren, sou nach de Franz Fayot. De Wirtschaftsminister huet och drun erënnert, datt am Accord virgesinn ass, eng nei Negociatiounsronn tëscht Staat, Patronat a Gewerkschaften ze organiséieren, falls d’Situatioun sech géing verschlëmmeren.

Op d’Fuerderung vun der CSV ugeschwat, fir d’Steiertabellen un d’Inflatioun unzepassen an eventuell ee méi héije Spëtzesteiersaz anzeféieren, huet de Franz Fayot op déi ugekënnegt Steierdebatt an der Chamber verwisen.

Back to Top
CIM LOGO