De Pierre Turquin ass de jéngste Kandidat op der Lëscht vun Déi Lénk. Hien ass aktuell op Première am Lycée Ermesinde a kandidéiert am Bezierk Zentrum. Fir de kuerzen a knappen Interview hu mir hien um Kierchbierg getraff. “Ech hunn a mengen 18 Joer vu mengem Liewen ze vill Saache gesinn an ech wëll déi léisen”, seet hien als Begrënnung fir säi Schrëtt an d’Politik.
Numm: Pierre Turquin
Alter: 18 Joer
Partei: Déi Lénk
Gemeng: Lëtzebuerg
Bezierk: Zentrum
Beruff: Schüler
LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen
All d’Episode vu Kuerz a Knapp op RTL Play