Am Kuerz a Knapp ass e Mëttwoch den David Bettendorf am Interview. Fir hien ass Politik eigentlech réischt en Thema zanter der Corona-Pandemie. “Ech hu gemierkt, dass Politik einfach esou mäi Liewe kann huelen an dofir hunn ech gesot, amplaz op der Kusch ze meckeren, ass et besser et aktiv selwer ze maachen”, erkläert den David Bettendorf seng Motivatioun. Zanter 2 Méint engagéiert hie sech fir Liberté - Fräiheet. Fir de kuerz a knappen Interview hu mir den David Bettendorf am RTL City getraff, direkt no engem Interview beim Eldoradio.
Numm: David Bettendorf
Alter: 34 Joer
Partei: Liberté - Fräiheet
Gemeng: Larochette
Bezierk: Zentrum
Beruff: Elektriker
Hobbyen: Lafen, Zäit mat sengem Kand verbréngen, mat Kolleegen diskutéieren
LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen
All d’Episode vu Kuerz a Knapp op RTL Play