Neit Covid-Gesetz a KraaftKeng Maskeflicht méi am ëffentlechen Transport

RTL Lëtzebuerg
Leschten Donneschdeg gouf dat neit Corona-Gesetz gestëmmt. Zanter en Dënschdegnomëtteg ass et a Kraaft.
© Shutterstock

Fir datt d’Gesetz a Kraaft ass, muss et am Mémorial publizéiert sinn. Dat ass kuerz viru 17 Auer de Fall gewiescht. An deem Moment gouf d’Gesetz am Mémorialverëffentlecht.

En Donneschdeg hat de Rapporter vum Gesetz Mars di Bartolomeo RTL géintiwwer präziséiert, datt de Staatsrot wuel eréischt en Dënschdeg d’Dispense vum zweete Vott géing ginn. Eréischt vun deem Moment u konnt d’Gesetz och am Mémorial publizéiert ginn.

E Mëttwoch gëtt iwwerdeems am Regierungsrot iwwert d’Ophiewe vu weidere Restriktiounen diskutéiert. Am Gespréich waren notamment d’Reegelen am Prisong an am Centre de rétention.

RTL-News: Chamber stëmmt fir Lockerung: Maskeflicht am ëffentlechen Transport fält en Dënschdeg ewech

Back to Top
CIM LOGO