Fir vulnerabel Leit bleift et recommandéiert, eng FFP2-Mask am Bus, Zuch an Tram unzedoen.

D'Chamber huet en Donneschdeg de Mëtteg unanime dofir gestëmmt, datt d'Maskeflicht am ëffentlechen Transport ewechfält. Déi nei Dispositioun trëtt nach net direkt a Kraaft. Wéi de Rapporter vum Gesetz Mars di Bartolomeo RTL géintiwwer präziséiert huet, wäert de Staatsrot wuel réischt en Dënschdeg d'Dispense vum zweete Vott ginn. Deen Dag réischt kënnt déi Héich Kierperschaft fir d’nächste Kéier physesch beieneen. Et muss een also nach, wéi et den Ament ausgesäit, bis en Dënschdeg de Mëtteg d’Mask weider undoen, wann een mam ëffentlechen Transport fiert.

Maskeflicht am ëffentlechen Transport / Rep. Dany Rasqué

De Rapporter Mars di Bartolomeo an och aner Riedner hu gewarnt, datt mer net dierfe mengen, de Virus wier fort, och wann et elo eng weider Ouverture gëtt. Si hunn zur Virsiicht opgeruff, grad wéinst der Omikron-Ënnervariant BA.5.

Anengems gouf drop higewisen, datt et wichteg ass, prett ze si fir den Hierscht, eng Joreszäit an där d'Covid-Chifferen och wiederbedéngt erëm kéinten an d'Luucht goen.

De Claude Wiseler vun der CSV huet proposéiert, datt een deene Leit, déi sech wëllen eng véierte Kéier impfe loossen, déi Méiglechkeet sollt ginn. Hien huet ënnerstrach, datt et wichteg wier, sech op den Hierscht virzebereeden, fir eng nächst Well ze verhënneren.

Extrait Claude Wiseler

D'CSV huet dofir gefrot, datt de Gesetztext iwwert d'Impfflicht an d'Prozedur kënnt, esoubal e prett ass. Da kéint en nämlech schonn aviséiert ginn a wier souwäit fäerdeg, fir driwwer ofzestëmmen, wann en d'urgence géif gebraucht ginn.

Et gouf en Donneschdeg de Mëtteg och e puer Mol ënnerstrach, datt et wichteg wier, déi verschidde Covidmesuren aus deene leschten zwee Joer z'evaluéieren. D'Ministesch Paulette Lenert huet präziséiert, datt dat leeft.

Extrait Paulette Lenert

D'Maskeflicht am ëffentlechen Transport fält nom Vott vun en Donneschdeg de Mëtteg also ewech. Restriktioune ginn et nach an de Spideeler an Altersheemer, esou wéi an deene meeschten europäesche Länner. Zu Lëtzebuerg ginn et awer och nach Restriktiounen am Prisong an am Centre de rétention an déi dierften och geschwënn ewechfalen.

Dat aktuellt Covid-Gesetz muss dëse Mount nach eng Kéier op de Leescht geholl ginn, well et just nach bis den 30. Juni leeft an an deem Kontext goufe weider Ouverturë versprach.