Rainbow IndexKeng Progrèse vu Lëtzebuerg beim Schutz vun LGBTIQ-Rechter

RTL Lëtzebuerg
Virun 2 Joer stoung Lëtzebuerg nach op der 3. Plaz, ma schonn d'lescht Joer sinn 2 Plaze verluer gaangen. Elo steet de Grand-Duché op Plaz 7.

Lëtzebuerg huet keng Fortschrëtter gemaach, wat de Schutz vun de Rechter vu sexuellen a geschlechtleche Minoritéiten ugeet. Am europäesche Ranking verléiert de Grand-Duché zwou weider Plazen an ass elo op Nummer 7. Am Virfeld vum internationalen Dag géint Diskriminatioun vun homosexuellen, bisexuellen, intersex an transgender Persounen d’nächst Woch, huet d’Associatioun ILGA Europe elo hire sougenannte Rainbow Index publizéiert.

Virun 2 Joer stoung Lëtzebuerg nach op der 3. Plaz, ma schonn d’lescht Joer waren 2 Plaze verluer gaangen. An där Zäit hätt d’Legislatioun sech net verschlechtert, ma et wier quasi näischt geschitt, schreift d’Associatioun Rosa Lëtzebuerg an engem Communiqué. An de leschte 24 Méint wier keen eenzegen neie Gesetzprojet an d’Chamber bruecht gi fir d’Rechter vun LGBTIQ+ Persounen ze stäerken. Op der 1. Plaz steet iwwregens Malta, déi zweet Plaz deele sech d’Belsch an Dänemark viru Spuenien.

Urgent Reforme wieren nach ëmmer net ëmgesat ginn, notamment de Verbuet fir intersex Puppelcher a Kanner ouni hiert Averständnis z’operéieren, oder nach datt bei gläichgeschlechtleche Koppele béid Eltere bei der Gebuert vum Kand unerkannt ginn.

Back to Top
CIM LOGO