Héichwaasser zu ConterKeng séier Léisung a Siicht, fir de Schued an Zukunft a Grenzen ze halen

Christophe Hochard
Betraffe Bierger hunn en Donneschdeg den Owend op enger Informatiounsversammlung hirer Roserei Loft gemaach.
Héichwaasserpreventioun zu Conter?
Schutzmoossnamen, déi direkt wierken, ginn et aktuell keng

Mëttwochs, de 14 .Juli 2021. A kierzter Zäit stoung d’Waasser an de Stroosse vun Éiter. Betraff vun dëse Waassermasse war virun allem d’Cité “Im Medenpull”. Doduerch entstoung Schued um Centre Culturel, mä net nëmmen. Och Wunnenge bloufe vun dëser Naturkatastroph net verschount.

D’Gemeng Conter, zu där d’Uertschafte Méideng, Mutfert an Éiter gehéieren, war mat hire ronn 4.200 Awunner vun dësem Staarkree betraff. D’Syr, déi hei duerchfléisst, ass huerteg aus hirem Bett geklommen an huet schlussendlech fir vill Schued an den Uertschafte vun der Gemeng gesuergt.

Betraffe Bierger hunn en Donneschdeg den Owend op enger Informatiounsversammlung hirer Roserei Loft gemaach.

Mëttlerweil sinn d’Spuere vum Héichwaasser an de betraffenen Uertschafte fort. Den Trafic rullt an d’Syr sicht sech gemitterlech hire Wee Richtung Musel. Gesicht gëtt elo no Léisungen, fir der nächster Katastroph gewuess ze sinn.

Zwou an eng hallef Stonne souze besuergte Bierger a Gemengeresponsabel beieneen. Héichwaasserschutzmoossnamen, déi direkt wierken, ginn et keng. Esou de Fin de Mot no der Reunioun.

Back to Top
CIM LOGO