En Donneschdeg huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg déi sektoriell Objektiver virgestallt, fir d'Klimaziler z'erreechen. Objektiver, déi ënner Form vu Reglementer d'lescht Woch am Regierungsrot ugeholl goufen.
An anere Wierder: Et steet elo fest, wéi vill CO2 pro Secteur muss déi nächst Joren agespuert ginn. D'Secteure sinn: d'Industrie an d'Konstruktioun, de Wunnraum, d'Landwirtschaft, den Traitement vum Offall an den Transport, deen den décke Batz vum CO2-Spuerpotential duerstellt. Konkret sinn an de verschiddene Secteure méi ewéi 200 Mesurë virgesinn, déi et sollen erméiglechen, den CO2 anzespueren, ewéi zum Beispill de Bau vum Tram oder den Ausbau vun der Elektromobilitéit a vum Vëlosreseau.

Ginn d’Mesuren net duer, dat soll e Grupp Wëssenschaftler, deen nach muss op d'Bee gesat ginn, nei Propose maachen. Strofe sinn net virgesinn, wann Ziler net erreecht ginn, mä d'Carole Dieschbourg huet erkläert, datt déi national Reglementer "eng konkret Upak" wieren.
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg sot och, et géing net drëms goen, sech a Saache Klima "fräizekafen", mä eng Dynamik an de Klimaschutz ze bréngen, déi dringend néideg wier.