DiddelengKeng Versécherung, kee Permis an Drogen dobäi

RTL Lëtzebuerg
Nieft den Drogen, déi am Auto a bei de Passagéier fonnt goufen, hat de Chauffer kee Fürerschäin an de Won war weder ugemellt, nach verséchert.

Géint 3 Auer e Méindeg de moie fréi huet eng Patrull zu Diddeleng en Auto kontrolléiert, nodeems dësen de Beamten opgefall war. Bei der Kontroll huet d’Police beim Chauffer a bei de Passagéier klenger Quantitéiten un divers Droge wéi Marihuana, Haschisch, Heroin a Kokain fonnt a séchergestallt. Iwwerdeem war och en Drogeschnelltest beim Chauffer positiv verlaf.

Donieft huet sech bei der Iwwerpréiwung bei de franséische Kolleegen erausgestallt, datt den Auto weder ugemellt, nach verséchert ass an de Chauffer kee Permis huet.

Op Uerder vum Parquet gouf de Won saiséiert an d’Droge souwéi all relevant Objete séchergestallt. Géint déi dräi Persoune gouf Plainte gemaach.

Accidenter um Méindeg

Géint 11.29 Auer ass op der N4 tëscht der Cloche d’Or a Leideleng e Motocyclist gefall a gouf dobäi blesséiert. D’Ambulanz aus der Stad, grad ewéi d’Pompjeeë vu Leideleng an aus der Stad waren am Asaz.

An der Tréierer Strooss um Findel koum et géint 16.19 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Déi zwou blesséiert Persoune goufe vun de Rettungsdéngschter aus der Stad a vu Sandweiler versuergt.

Back to Top
CIM LOGO