DéifferdengKierperlech Gewalt a Mord-Menacë géintiwwer Policebeamten

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg hat d'Police zu Déifferdeng an der rue du Marché nawell all Hänn voll ze dinn, nodeem eng alkoholiséiert Koppel sech komplett donieft beholl hat.

Ugefaangen hat et e Sonndeg den Owend géint 19 Auer, nodeems eng Fra an eng Garage, bzw e Keller gaangen ass, wou se am Fong näischt verluer hat, an deen dreckeg hannerlooss huet.

D'Fra war doropshin opgefuerdert ginn den Dreck ewech ze maachen. Dat huet si awer net fir néideg fonnt an ass aggressiv ginn. Si huet déi betraffe Persoun um Hals gepak an hir souguer d'Kleeder vum Kierper gerappt. Duerno ass se fortgelaf a konnt herno vun der Police am Appartementshaus géintiwwer ugetraff ginn.

D'Fra war staark alkoholiséiert a wollt net mat der Police kooperéieren. Kuerz drop ass och hire Frënd op der Plaz ukomm, deen och alles anescht wéi niichter war. Hien huet d'Poliziste vernannt an hinne gedreet se ëmzebréngen.

Et gouf dunn decidéiert d'Fra an eng Ausniichterungszell ze bréngen, woumat si awer net averstane war. Si huet sech gewiert a krut dobäi Ënnerstëtzung vun hirem Frënd. Deen huet ugefaange ronderëm sech ze schloen, huet e Beamten an d'Gesiicht geschloen a mam Fouss an de Broschtkuerf gerannt.

D'Police huet du Pefferspray agesat a konnt béid Rebellen immobiliséieren, fir se an de Passage-Arrest ze bréngen. Och do gouf et weider Mord-Menacë géintiwwer de Beamten.

Béid Bedeelegt goufe protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO