En neie Fuerschungszenter zu Esch-Belval soll dozou bäidroen, datt Mënschen och méi laang um Mound kënne liewen, mat de Ressourcen, déi een do fënnt. Den ESA-Generaldirekter Josef Aschbacher war um Dënschdeg zu Lëtzebuerg an huet betount, datt Lëtzebuerg e Pionéier wier an e wichtege Partner.
Lëtzebuerg huet zanter Joren och international en Numm am Weltraumgeschäft. An der Telekommunikatioun huet ee mat der SES ee vun de gréisste Satellittebedreiwer op der Welt. A mam Ofbau vu Weltallressourcen huet een och virun e puer Joer een neien Terrain besat. Fir den Direkter vun der europäescher Weltraumagence ee mat groussem Potential.
118 Euro gëtt Lëtzebuerg pro Kapp fir de Weltraum am Joer aus, an der europäescher Moyenne sinn et 20 Euro. D’ESA huet zesumme mat Lëtzebuerg ee Fuerschungszenter um Belval opgebaut, dee spezialiséiert ass am Ofbau vu Ressourcen am All.
D’Europäesch Weltraumagence huet ee Budget vu 7,2 Milliarden Euro pro Joer, dat ass nëmmen ee Sechstel vun deem, wat d’NASA zur Verfügung huet. An der Äerd-Observatioun wier een awer weltwäit Virreider, esou de Josef Aschbacher. Anescht gesäit et bei der bemannter Raumfaart aus, do huet d’NASA nach ëmmer d’Nues vir. Europa misst hei weider Efforte maachen. De kommerzielle Secteur soll gestäerkt ginn, aus deem Innovatioun soll entstoen, dat d’Ambitioun vum ESA-Direkter.
Duerch de Krich an der Ukrain gëtt den Ament vill iwwer d’Zukunft vun der internationaler Weltraumstatioun diskutéiert. Ass et ee gemeinsame Projet vun der amerikanescher, russescher an europäescher Weltraumagence. All d’Partner géifen normal weiderschaffen, esou de Josef Aschbacher. Et wier ee vuneneen ofhängeg an et misst ee weider openeen zielen.