Bei Mass an der KryptaGedenken u gestuerwe Membere vu groussherzoglecher Famill

RTL Lëtzebuerg
De Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie waren en Dënschdeg an der traditioneller Mass an der Krypta vun der Kathedral an der Stad.
© Maison du Grand-Duc

Fir hire gestuerwe Familljememberen ze gedenken, war déi groussherzoglech Koppel dësen Dënschdeg an der traditioneller Mass an der Krypta vun der Stater Kathedral. Dat mellt d'Cour Grand-Ducale op Facebook.

Och mat dobäi war de Monni vum Grand-Duc Guillaume de Prënz Guillaume - jéngste Fils vum Groussherzog Jean an der Groussherzogin Joséphine-Charlotte - a seng Fra d'Prinzessin Sibilla, souwéi hiren eelste Bouf de Prënz Paul-Louis.

Back to Top
CIM LOGO