
D’Planze brauchen d’Sonn fir ze wuessen, dat huet jidderee vun eis an der Schoul geléiert. Ideal sinn Temperaturen tëscht 20 an 30 Grad Celsius, ass et méi waarm fonctionéieren déi biologesch Prozesser net méi esou gutt. Feelt et da nach u Waasser hätt een en duebele Problem, esou de Marc Weyland.
Esou Hëtztwelle wéi mer se rezent erlieft hunn dinn de Lëtzebuerger Baueren net gutt, anescht wier et fir nërdlech Länner oder och Russland. Duerch de Klimawandel wier an dëse Regiounen esouguer méi Landwirtschaft méiglech.
Upassen un déi néi Situatioun
Et hätt een eng Rei kleng Stellschrauwen un deenen een dréie kéint, esou de Marc Weyland.
«Mir mussen zum Deel ufänken ze iwwerleeën aner Zorten unzeplanzen. Do kéint een u Planzenaarten denken, déi een den Ament am Süde vun Europa uplanzt. Hei hu mer awer zu Lëtzebuerg de Problem, dass mer am Fréijoer nach Spéitfrascht hunn an och d’Wanter nach kënne kal sinn.»
Zu Lëtzebuerg ass d’Ressource Waasser limitéiert, groussflächeg ze nätze wier net méiglech a wier och deier. De Landwirtschaftsministère huet fir d’Baueren awer eng Assurance agefouert fir bei Drëscheschied opzekommen. A Kulture wéi de Soja verdroen d’Hëtzt gutt, brauchen awer och vill Waasser. Méi resistent wieren do d’Sonneblummen.

D’Agro-Forstwirtschaft hätt zu Lëtzebuerg och nach e grousst Potential, hei huet een Uebstbeem an dotëscht aner Kulturen, déi vum Schied vun de Beem kënne profitéieren. Och esou eng Mesure wier net vun haut op muer disponibel, d’Beem bréichten Zäit ze wuessen.
*Administration des Services techniques de l’Agriculture