Briddel a Péiteng Onéierlecher sinn a Wunnengen agebrach, respektiv hu Suen a Bijoue geklaut

Andy Brücker
Beim Tëschefall zu Péiteng hunn d'Brigange sech Zougang zum Haus verschaaft, obwuel d'Awunnerin doheem war.

Wéi d'Police matdeelt, gouf et um Méindeg nees eng Partie Abréch uechter d'Land. Si gräifen an hirem Bulletin zwee Tëschefäll eraus.

Um Briddel hu sech een oder e puer Täter Zougang zu enger Wunneng verschaaft, dat iwwert eng Terrasse an der Rue des Prés. Éischten Informatiounen no goufen zwou Terrassendieren opgebrach an eng Partie Raim goufen duerchwullt. Geklaut goufen ënnert anerem Boergeld, Bankkaarten, perséinlech Dokumenter a Bijouen.

Zu Péiteng dann hu sech zwee Männer als Vertrieder vun enger Hëllefsorganisatioun ausginn. Si hu bei enger eelerer Fra an der Rue d'Athus geschellt, déi awer an enger éischter Phas d'Dier net opgemaach huet. Ee vun den Zwee ass iwwert eng Terrassendier an d'Haus erakomm, déi liicht op war. Duerno huet hien déi zweet Persoun an d'Haus gelooss.

Béid Männer waren du mat der Awunnerin an der Stuff, éier ee vun hinnen sech am Haus ëmgekuckt huet. Si hunn eng Spend bei der Fra gefrot an hunn hir du Suen aus dem Portmonni geklaut.

D'Täter konnte sech duerch d'Bascht maachen.

Back to Top
CIM LOGO