
De Recours vun de lénke Stater Conseilleren um Tribunal administratif géint d’Decisioun vum Stater Schäfferot, privat Gardiennage-Firmaen z’engagéieren, gouf nees net akzeptéiert. Déi Lénk haten argumentéiert, dass eng privat Firma keng ëffentlech Aufgaben dierft iwwerhuelen. D’Geriicht huet dës Klo awer net zeréckbehalen, well d’Conseilleren jo net selwer vun där Decisioun betraff wieren.
Deemno fuerderen déi Lénk elo vun der Regierung an der Saach ze legiferéieren. Aktuell ka just d’Inneministesch illegal Decisiounen op Gemengenniveau ophiewen. Ma et bräicht een e System, an dem d’Ministesch dës Decisioun un d’Geriicht kéint ofginn. Wann d’Ministesch näischt mécht, sollten d’Gemengeconseilleren esou eng Demande beim Geriicht dierfe maachen, esou d’Fuerderung vun déi Lénk.