Petitioun huet Seuil erreechtKnapp 4.800 Ënnerschrëften, fir datt Lëtzebuerg aus WHO erausgeet

RTL Lëtzebuerg
E puer Deeg, éier d'Zäit, wou een ënnerschreiwe kann, ofgelaf wier, krut d'Petitioun 2856 déi néideg Ënnerschrëften, fir diskutéiert ze ginn.

Lëtzebuerg soll aus der WHO, der Weltgesondheetsorganisatioun, erausgoen. Dat fuerdert eng ëffentlech Petitioun, déi déi néideg 4.500 Ënnerschrëften gesammelt huet. 4.767 Leit haten e Freideg géint 9.30 Auer um Chambersite petitiounen.lu dës Petitioun ënnerschriwwen. Déi Ënnerschrëfte mussen awer nach iwwerpréift a validéiert ginn. Een Dag laang ass d’Petitioun nach op.

D’Verhandlungen iwwer Ännerungen un den internationale Gesondheetsvirschrëfte missten direkt gestoppt ginn, gëtt ënner anerem gefuerdert.

Back to Top
CIM LOGO