
Beim Sujet Immigratioun ass de Koalitiounsaccord a villen Hisiichte bedenklech, anerwäerts erstaunlech a generell wéineg ambitiéis. Sou reagéiert d’Auslänner-Associatioun ASTI op d’Pläng vu Schwaarz-Blo.
Den Toun wier dee vun enger méi strikter Politik, enger Ënnerstëtzung vum europäeschen Immigratiounspak, mat méi strenge Kontrollen un den EU-Baussegrenzen.
Et géing méi ëm d’Ekonomie wéi ëm d’Leit goen, fënnt ee bei der Asti. D’Kapitel Immigratioun géing bal exklusiv ëm den Asyl dréien an do géing et da virun allem just ëm technesch Aspekter goen.
A punkto interkulturellt Zesummeliewe wier de Koalitiounsaccord wierklech wéineg ambitiéis. Et wier ze hoffen, datt d’Regierung net wéi op anere Plazen an Europa Auslänner a Refugiée stigmatiséiert.
Hei de komplette Communiqué vun der ASTI zum Koalitiounsaccord vun der neier Regierung am PDF!