Nom VottKoalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP ee Sujet an der Elefanteronn op RTL

RTL Lëtzebuerg
Anescht wéi vun de Sondagë gemellt, sou de Luc Frieden, hätt d'CSV um Enn ee Resultat, wat méi wéi een Drëttel vum Parlament géing duerstellen.
Elefanteronn
D’Spëtzekandidaten iwwert d’Walresultat.

Hie wier ganz zefridden. Et hätt ee 7 Sëtz méi, wéi déi zweetstäerkst Partei. Dës lescht Regierung hätt keen Optrag vum Wieler méi kritt. Et géing kee Wee laanscht d’CSV goen. An enger Zweeër-Koalitioun géingen d’Inhalter manner verwässert ginn.

Wat d’Koalitiounsverhandlungen ugeet, wier et dat net eng Fro vun der Zäit, mee vum Inhalt a vun enger klorer Zilsetzung. Lëtzebuerg hätt Prozeduren. De Grand-Duc géing elo den Nach-Staatsminister empfänken, esou den CSV-Spëtzekandidat, duerno wier et un de Parteispëtzten.

D’Resultater vun den Nationalwalen 2023 fannt Dir op eisem Walsite.

Dem Xavier Bettel deet et leed, datt déi Gréng esou schlecht ofgeschnidden hunn, mee hie wier ganz zefridden a seng Partei wier de gréisste Gewënner an hätt kloer e Mandat kritt, fir Verantwortung ze iwwerhuelen. D’Koalitiounsverhandlungen géingen net um Walowend ufänken. Mat der CSV hätt een Ënnerscheeder a Gemeinsamkeeten. Reforme wieren néideg, fir d’Land weiderzebréngen.

D’Paulette Lenert wier zefridden, och mam perséinleche Resultat am Osten. Et géing ee sech gestäerkt spiere mat engem Sëtz, et wier een no un engem zweete Sëtz gewiescht. Et géing ee Gespréicher mat der CSV erwaarden, och wann de Luc Frieden ëmmer vu Schnëttstelle mat der DP geschwat huet. D’Roll an der Oppositioun géing si unhuelen, sou d’LSAP-Spëtzekandidatin, wann dat elo der Partei hir Zukunft wier.

“Mir stinn nach ënner Schock”, sou d‘Sam Tanson. Et hätt een net mat deem Resultat gerechent. An den nächsten Deeg a Woche wäert analyséiert ginn, wat geschitt ass. D’Spëtzekandidatin vun Déi Gréng konnt “dem Owend näischt Positives ofgewannen”.

De Fred Keup huet sech immens gefreet iwwer d’Resultat vun der ADR. Et kéint ee méi staark an der Chamber sinn, mat Fraktiounsstäerkt. Et wier een elo déi véiertstäerkst Partei am Land. “Mir sinn eiser Linn trei bliwwen, dat gouf vum Wieler honoréiert.”

Och wann et ee groussen emotionalen High war, dee Sëtz am Norde bäizekréien, sou de Sven Clement vun de Piraten, sou huet een dat enkt Walresultat bedauert, och wann ee mat engem Sëtz méi kéint liewen, et wier ee fir d’Oppositiounsaarbecht belount ginn.

De Marc Baum ass frou, datt een an engem net favorabele gesellschaftleche Klima mat enger staarker CSV, ADR a Piraten konnt seng 2 Sëtz halen. Déi progressiv Kräfte wieren awer net gestäerkt ginn. Et hätt een der ADR an der Campagne d’Wuesstemsfro iwwerlooss, dat kéint ee Feeler gewiescht sinn.

Dës 60 Kandidate goufen an d’Chamber gewielt

No der Regierungsbildung ännert d’Zesummesetzung vum Parlament natierlech nees. Aktuell sinn et 42 Männer an 18 Fraen.

LINK: All d’Fotoe vun den Nationalwalen 2023 fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO