
Dat schreift den LCGB e Freideg de Moien, dee majoritär am Secteur ass an zesummen mam OGBL den Accord ënnerzeechent huet.
Mat dësem géifen eng 3.400 Salariéë vun enger Augmentatioun vun hirer Kafkraaft a besseren Aarbechtskonditiounen profitéieren. Ënnert anerem ass et eng Hausse vun de Salairen ëm 2,013 bis 2,79% iwwert déi nächst 3 Joer, grad wéi zousätzleche Congé an enger Verbesserung vun de Kompensatiounsdeeg.