Eng Persoun blesséiertKollisioun tëscht Auto a Minibus zu Ëlwen

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS goufen en Dënschdeg den Owend op zwee Accidenter geruff. Dat wéinst enger Kollisioun zu Ëlwen an engem Accident tëscht Izeg a Conter.
© RTL

Wéi den 112 schreift, hätte sech zu Ëlwen an der Rue de la Gare kuerz no 18 Auer en Auto an e Minibus ze pake kritt. Heibäi gouf eng Persoun blesséiert, déi vun de Rettungsdéngschter vun Ëlwen versuergt gouf.

D’Ambulancieren aus der Stad an d’Pompjeeë vun Hesper goufen iwwerdeem géint 18.13 Auer op den CR226 tëscht Izeg a Conter geruff, nodeems hei e Won accidentéiert war. Blesséierter goufen et hei keng.

Da mellt de CGDIS nach en Accident tëscht zwee Autoen an der Lëtzebuerger Strooss zu Munneref. Heibäi gouf e Mëttwoch kuerz no 7 Auer eng Persoun blesséiert.

En Auto war dann an der Bieleserstrooss zu Esch kuerz virun 9 Auer op d’Kopp gaangen. Heibäi goufen zwee Leit blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO