
Wéi et vun Zeien heescht, wier de Bouf ouni ze bremsen op den Zebrasträife gefuer, wou eng Automobilistin de Vëlosfuerer ze pake krut. Beim Opprall ass hie géint d'Fënster vum Auto geflunn a gouf dobäi verwonnt. De Blesséierte gouf doropshin an d'Spidol bruecht. Am Asaz waren hei d'Ambulanz vu Mertert, de Samu aus der Stad an d'Pompjeeë vu Biwer a vu Gréiwemaacher-Mäertert.
Och e Sonndeg de Mëtteg gouf e Vëlosfuerer vun engem Auto ugestouss. Zu Gaasperech an der Héicht vun der Kräizung Rue François Hogenberg an der Rue Christophe Plantin hat e Chauffer e Cyclist iwwersinn. Dëse gouf an d'Spidol ageliwwert.
Kuerz no 12 Auer krute sech zwee Gefierer am Neiduerf ze paken. Verwonnt gouf beim Accident 1 Persoun. Am Asaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad.
Géint 13.30 Auer ass en Automobilist géint e Bam gerannt a gouf bei der Kollisioun blesséiert. Ëm hie gekëmmert hu sech d'Ambulanz vu Maacher an d'Pompjeeë vu Biekerech.
An der Kautebaach ass géint 14.50 Auer e Motocyclist gestierzt. Och hei ass de Bilan 1 Blesséierten. Sur place waren d'Ambulanz vu Wolz an d'Pompjeeë vu Kiischpelt a Wolz.