Op eise StroossenKollisioun tëscht Vëlo an Auto a 4 Blesséierter bei Autosaccident

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.10 Auer en Dënschdeg den Owend war et an der Rue Pierre Gansen zu Nidderkuer vun engem Accident tëscht engem Cyclist an engem Auto komm.

Wéi d’Police mellt, hat hei en Auto gebremst, fir e Foussgänger iwwer d’Strooss ze loossen. De Cyclist, deen hannert dem Auto gefuer war, hat dat allerdéngs ze spéit gemierkt a krut net méi mat Zäit gebremst. Hien ass doropshi mam Auto kollidéiert a gouf liicht blesséiert. D’Asazzentere vu Käerjeng-Péiteng a Suessem-Déifferdeng waren hei am Asaz.

Um 17.18 Auer hate sech dann op der Kräizung tëscht der Rue du Bouillon an dem Chemin de Roedgen zu Zéisseng 2 Autoen ze pake kritt. Hei goufe 4 Persoune blesséiert. 3 Ambulanze vum Asazzenter aus der Stad waren hei op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO