De KloertextKommerzialiséiert Medezin: Pervers Entwécklung oder am Sënn vum Patient?

Caroline Mart
Et rumouert ferm am Gesondheetssecteur: D'AMMD kënnegt d'Konventioun mat der CNS a wollt d'Tariffer fräi gestalten. Du koum massiv Géigewand.
Kloertext: Medezin: Pervers Entwécklung oder am Sënn vum Patient
Et rumouert ferm am Gesondheetssecteur: D’AMMD kënnegt d’Konventioun mat der CNS a wollt d’Tariffer fräi gestalten. Du koum massiv Géigewand.

Ass kommerzialiséiert Medezin eng pervers Entwécklung oder am Sënn vum Patient? Ëm déi Fro goung et am Kloertext op der Tëlee.

Kloertext iwwer kommerzialiséiert Medezin / Resumé vum Dany Rasqué

Zënter d’AMMD, d’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren, hir Konventioun mat der Gesondheetskeess gekënnegt huet an och nach quasi zur selwechter Zäit d’FindelClinic virgestallt gouf, goufen et ganz vill Diskussiounen. Souguer de soss diskrete Collège médical huet sech an deem Kontext zu Wuert gemellt an et war och dee Gremium, dee virun enger perverser Entwécklung gewarnt huet, wou d’Rentabilitéit iwwert den Doktescheed géif gesat ginn. D’Angscht virun enger Zwouklassemedezin ass grouss bei deenen, déi de solidaresche System wëlle verdeedegen.

Rezent hat de President vun der AMMD an engem RTL-Interview gesot, et géif schonn eng Zwouklassemedezin an déi hätt et nach ëmmer ginn. Als Beispill hat de Chris Roller d’IRMe genannt, déi verschidde Leit op Tréier maache ginn, well se hei méi laang mussen op e Rendez-vouse waarden.

Déi fréier Gesondheetsministesch, d’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert, war mat der Ausso, datt et d’Zwouklassemedezin gëtt, net averstanen. “Ech fannen et eng onéierlech Duerstellung, dat muss ech scho soen. Well wat ëmmer vergiess gëtt a wat mer wierklech e puermol op den Dësch geluecht hunn iwwert déi leschte Joren, dat ass, dass d’Flueë vu baussen eran op Lëtzebuerg vill méi grouss sinn, wéi ëmgedréint. Dat heescht, mir hunn en Drock op eise System duerch Frontalieren, well mer Désert-medicauxen ëmmer méi hunn a Frankräich, well Spideeler zouginn an Däitschland, well d’Grondversuergung do net méi assuréiert ass, wou Leit, déi bei eis Beneficiaire si vum System, net méi bei sech lokal kënne goen a bei eis kommen.

Eng Zwouklassemedezin, wéi et se notamment bei eisen däitschen Nopere gëtt, ass awer fir d’Dokter Monique Reiff, d’Presidentin vun der Associatioun vun de Spidolsdokteren, e System, deen een onbedéngt muss evitéieren. “Déi medezinesch Akten elo als Wirtschaftsgut ze gesi, fannen ech komplizéiert. Ech hu laang an Däitschland geschafft an dat, wat do an Däitschland geschitt ass, dat ass carrement ethesch net méi ze vertrieden, well effektiv dann Zousaz - oder Privatversécherungen do antrieden. An dat heescht, wann ech vill verdéngen, huelen ech meng Privatversécherung. Wann ech net vill verdéngen, da sinn ech eebe Kassepatient. An dat mécht jo awer och, dass déi, déi an d’Privatversécherungen abezuelen, net méi an de Kuch vun der Keess bezuelen. Dat heescht, d’Keess gëtt ëmmer méi aarm an d’Privatversécherungen ëmmer méi räich.

D’Neurologin ass der Meenung, datt een zu Lëtzebuerg Doktere brauch, déi am Spidol schaffen an anengems hir privat Praxis hunn.

Och fir den Dokter René Metz, den Direkter vum Chem, ass dat eng Optioun. Hie plädéiert och dofir, datt d’Spidolsmedezin vill méi kloer muss definéiert ginn. Dat an eng privat Praxis wieren zwou Welten. “Dat heescht, do ass eng grouss Organisatioun, do musse collaboréieren, mussen d’Confrèrë collaboréieren, musse mat Infirmièren collaboréieren, musse mat enger Direktioun ‘erëmschloen’, mee dat heescht, dat ass a mengen Aen eng Positioun, dat ass eng aner. An duerfir huet jo d’FHL sech och Gedanke gemaach. Mir haten e bëssen iwwert e Statut geschwat, an dat gëtt et och am Ausland, datt een eng Aktivité partielle hat, déi huet och de Stempel an d’Etiquette ‘Spidol’, an et huet een eng aner Aktivitéit, dat ass eng an der Praxis. Dat soll gutt koordinéiert sinn, dat ass evident. Mä déi Missioun am Spidol huet och seng eege Reegelen.

Fir den Dokter Philippe Wilmes, ee vun de Pappe vun der FindelClinic, huet Lëtzebuerg e Capacitéitsproblem a bréicht e besseren Zougank zu der primärer Medezin. “Dat heescht zu der Médecine générale, mee de Generalist brauch dann awer och e gudden Zougang zu engem Spezialist, dee kann de Relais huelen, dee ka soen,: ‘Okay, do ass effektiv e Problem mam Häerz, da kucke mer do mat engem Ultraschall.’ A wann dee Kardiolog mam Ultraschall gekuckt huet, seet e vläicht, ‘elo musse mer en Häerzkatheter maachen’ an da muss en och en Accès zum Häerzkatheter kréien. An do hu mer haut e Problem an dee musse mer léisen an dee léise mer doduerch, dass mer d’Capacitéite steigeren: Dat heescht méi Dokteren, vläicht méi Plateau -Techniquen, vläicht méi Apparaten.

E besseren Zougank zu den Dokteren, dat ënnerschreift den Generalist Eric Sassel direkt an explizéiert, wat an der primärer Medezin am Dringendste gebraucht géif. “Eng Plattform oder eng, jo, eng Hëllef fir d’Soins primaires, fir besser vernetzt ze sinn, fir besser kënnen zesummenzeschaffen, fir méi einfach kënnen d’Problemer och weider ze ginn. Ech muss net systematesch e Patient bei e Spezialist schécken, just fir dass hie ee gesäit. Ech maachen dat schonn zënter 25 Joer. Wann ech eng Fro un e Spezialist hunn an ech muss de Patient awer net dohinner schécken, well et net esou wichteg ass, maachen ech e Fax oder en Telefon.

D’Gesondheetsministesch huet dës Woch nach an der Chamber ënnerstrach, datt aus der Medezin kee Commerce gemaach gëtt. De Carlo Ahlborn, Zänndokter den éischte Vizepresident vun der AMMD huet um Beispill vun sengem Beruff gewisen, datt dat besser fir de Patient ass. Dat hätt een an de leschte Jore gesinn. “Do sinn där Centres Dentaires, déi sech installéiert hunn, wou effektiv keng Dokteren hannendru sinn, wou Leit hannendru sinn, déi net vum Metier sinn an déi dat aus Rentabilitéit maachen. Mir hunn dorobber higewisen. Do konnt awer bis elo de Collège médical effektiv, mengen ech, näischt maachen, och well e legal net konnt weiderkommen. Mir hunn dat awer och der Politik gesot, mee och vun der Politik ass näischt gemaach ginn.

Déi Investisseuren, déi hannert deenen Centres dentaires stinn, géifen d’CNS ausbeuten, esou nach de Carlo Ahlborn, de President vun den Zänndokteren, mä et géif net onbedéngt eng gutt Medezin hannendru stoen.

Mat eisen Invitéën

Dr. Carlo Ahlborn

Zänndokter
1. Vizepresident AMMD

Dr. Monique Reiff

Neurologin
Presidentin Associatioun Spidolsdokteren MSH

Dr. Philippe Wilmes

Orthopedesche Chirurg
Grënner vun der FindelClinic

Paulette Lenert

LSAP-Deputéiert
Fréier Gesondheetsministesch

Dr. René Metz

Neurolog
Generaldirekter CHEM / FHL

Dr. Eric Sassel

Generalist
Member vum Verwaltungsrot AMMD

Back to Top
CIM LOGO