
Dëst war schonn déi 11. Editioun vum Präis, dee vun der Associatioun Eurosolar an d’Liewe geruff gouf. Gläichzäiteg war et awer och den Appell, dass Lëtzebuerg nach wesentlech Efforte muss maachen, fir d’Ziler vum Paräisser Klimaofkommes nach kënnen anzehalen.
Fir Lëtzebuerg, dat Land, wat an Europa déi héchsten CO2-Emissioune pro Kapp huet, wier et net méi méiglech bis 2044 am Kader vum Paräisser Klimaofkommes, klimaneutral ze ginn, heescht et am Virtrag vum Berliner Professer Volker Quaschning. Mä fir d’éischt emol bei déi gutt Neiegkeeten: Zu Lëtzebuerg si jo en Dënschdeg Leit ausgezeechent ginn, déi mat hire Projeten dozou bäidroen, manner Ressourcen ze verbrauchen. An der Kategorie Educatioun & Formatioun geet de Präis un de Marcel Barros, dee fir säi Liewenswierk ausgezeechent gouf, well en ëmmer rëm Projeten iwwer erneierbar Energië gemaach huet.
“Et ass ee Projet, deen ech wéilt ervirhiewen, dat war virun 10 Joer ‘Haus vun der Natur’ op der Kockelscheier an do hu mir eben eng Zär esou ëmgebaut, déi Zär, déi schonn do war, dass se ebe fraschtfräi iwwert de Wanter bleift an dat duerch eng ganz einfach, technesch Léisung, wou ech kee Gas a keen Holz verbrenne muss. Wou einfach d’Hëtzt vum Daach am Buedem gespäichert gëtt. Duerch e waarme Loftkollektor, gëtt déi Hëtzt an der Zär nach eemol verstäerkt an da gëtt dat am Buedem gespäichert, vum Dag an d’Nuecht eran.”
Konditiounen zu Lëtzebuerg, fir erneierbar Energien ze produzéieren an ze deelen, wieren esou gutt wéi nach ni, fënnt de Paul Kauten vun der Associatioun Eurosolar.
“Donieft kënnt, dass elo mat dem neie Stroumgesetz vum Juni vun dësem Joer et och ganz einfach ass, fir kënnen de Stroum, deen ee villäicht dann ze vill huet, wann een es produzéiert bei sech, mat sengem Noper an der Strooss oder mat iergendengem Familljemember am Land ze deelen. Dat kënnen och Betriber maachen.”
Fir d’Klimakris awer an de Grëff ze kréien, bréicht et eng Klimarevolutioun, sou de Professer Volker Quaschning, Expert am Beräich vun der nohalteger Energie, deen a sengem Virtrag vun de Geforen a Potentialer an der Klimakris gezielt huet. Fir hien ass d’Wäermepompel de Game Changer.
“Die Wärmepumpe ist sehr effizient, da nehmen wir nicht Gas als Brennstoff sondern Strom, den sollten wir möglichst aus erneuerbaren Energien erzeugen und dann kann die Wärmepumpe aus der Umgebung noch einfach Wärme einspeisen in diesem Prozess. Das heisst, wir können dann aus einer Kilowatt/Stunde aus einem Teil Strom, Solarstrom oder Windstrom dann 3 Teile Wärme machen. Das heisst wir können das praktisch hebeln und in dem Moment wo die Gasheizung rausfliegt und die Wärmepumpe eingebaut wird, brauche ich nur noch ein Drittel der Energie und deswegen ist es halt so einfach, wenn wir überall die Gasheizung durch die Wärmepumpe ersetzen haben wir nur noch ein Drittel des Problems.”
Wat d’CO2-Emissiounen ugeet, wier de Verbrennerauto net déi gréissten Iwwerwannung. Virun allem de Fluchverkéier an de Fleeschkonsum, deen eleng fir ee Sechstel vun der weltwäiter CO2-Bilanz responsabel ass, misst et een Ëmdenke ginn, sou nach de Volker Quaschning.