Chambre de CommerceKonjunktur besser wéi geduecht, ma Inflatioun a Verschëldung si problematesch

RTL Lëtzebuerg
D'Konjunktur wier dëst Joer zu Lëtzebuerg net sou schlecht gewiescht wéi deen et sech et villäicht erwaart hätt.
© RTL

Dës gutt Situatioun wier awer just duerch d’Ënnerstëtzung vum Staat méiglech gewiescht. Dat huet d’Chambre de Commerce en Donneschdeg op enger Pressekonferenz notéiert. E Problem fir d’Ekonomie ass a bleift awer weiderhin déi héich Inflatioun an hir Konsequenzen. Ma och aner Facteure kéinten d’ekonomesch Stabilitéit an de Wuesstem zu Lëtzebuerg a Fro stellen.

D’Chambre de Commerce iwwer d’Konjunktur

Ee Problem gesäit d’Chambre de Commerce am Verloscht vun der Produktivitéit an doran, datt d’Staatsschold weider klëmmt. 2019 louch dës nach bei 14 Milliarden Euro. Bis 2026 soll se allerdéngs op 27 Milliarden Euro eropgoen. Datt d’ëffentlech Finanze sech weider degradéiere wäerten, géif och de Staatsbudget weisen. Déi 900 Milliounen Euro Excedent am Zentralstaat vum 30. September dëst Joer misst een dem Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen no relativéieren. “Dat ass well d’Barèmen net indexéiert gi sinn an duerch d’TVA-Recetten, well d’Präisser an d’Luucht gaange sinn, féiert dat automatesch och zu méi Recettë bei der TVA an d’Securité sociale “en perte vitesse” ass, 2020 2.4 Cotisants fir eng Pensioun, 10 Joer méi spéit just nach 2 Cotisants”
Och den Impakt vun der Inflatioun op d’Wirtschaft gouf thematiséiert. D’Situatioun wier ongewëss mä et géing ee sech erhoffen, datt d’Inflatioun just temporär wier. Sollt dat net de Fall sinn, kéint ee mat 8% Inflatioun am Joer 2024 rechnen.
D’Auswierkunge kréichen d’Betriber duerch déi héich Energiepräisser awer elo schonn ze spieren. Besonnesch betraff wieren d’Secteure vun der Industrie an der Constructioun.
Am Hibléck op d’Erausfuerderungen, déi op d’Wirtschaft duerkommen, mécht d’Chambre de Commerce verschidde Proposen. Enner anerem wier et wichteg aus der Verscholdungsspiral erauszekommen, sou de Carlo Thelen. “Ech mengen et muss ee vill méi selektiv virgoen, mer maache ganz vill Saache gratis zu Lëtzebuerg, dat muss een nach eng Kéier iwwerdenken, wou do d’Prioritéite sinn. Iwwer d’Pensiounsreform gëtt vill geschwat, do maache mer eis lo keng Illusiounen, datt dat fir d’Waljoer zur Sproch kënnt, mä dat soll dono ugeschwat ginn, well d’Reserven déi mer hunn, déi schmëlze ganz séier.”

Och misste bestëmmten Investitiounen iwwerduecht ginn. Punktuell a selektiv Hëllefe fir Betriber wieren erwënscht. Trotzdeem sollt een si awer och emol schaffe loossen an hinnen net dauernd nei Reglementatioune virun d’Nues setzen.

Back to Top
CIM LOGO