
Fir Fairtrade Lëtzebuerg war 2018 ee gutt Joer. De Konsum vu Produiten aus fairem Handel am Grand-Duché ass 2018 ëm 20% an d'Luucht gaangen. Zuele mat deenen d'ONG extrem zefridden ass.
Lëtzebuerg läit bei den Ausgaben op de Kapp fir Fairtrade-Produite weltwäit op der 6. Plaz an am Meeschte goufe Rousen a Bananne verkaaft. Ma och wann dat guer net emol esou schlecht kléngt, ass nach vill Loft no uewen.
De Jean-Louis Zeien, President vun der ONG: D'Erausfuerderunge sinn enorm, wann ee sech ukuckt wéi vill d'Produzenten am fairen Handel awer och doriwwer eraus Affer vum Klimachangement sinn, Affer vu Präisser, déi um Weltmarché verréckt spillen, sinn an dowéinst muss et trotz enger Zefriddenheet nach weider goen.Ee grousst Zil fir d'Zukunft ass et de Leit, déi am Süde vun der Welt liewen, e Loun, fir z'iwwerliewen, ze garantéieren. Dat ass eppes wat am Artikel 23 vun der Mënscherechtskonventioun steet. Dat an d'Realitéit ëmzesetze wier nach ee wäite Wee, mä et wier héich Zäit dësen anzeschloen.
De Jean-Louis Zeien, President vun der ONG: Do ziele mer drop, datt souwuel d'Konsumenten ewéi och d'Fabrikanten hei zu Lëtzebuerg an an Europa de Wee bereet sinn matzegoen, well deen heescht, datt een op allen Niveaue muss garantéieren, datt dat och wierklech geschitt. Eng gutt Noriicht ass, datt et eis wäert geléngen am Joer 2020 dëst an engem Produktberäicher elo schonn duerchgesat ze kréien an zwar am Beräich vun den Aarbechter um Niveau vun de Plantatiounen, heescht vun de Banannen.
Fir de fairen Handel virundreiwen, schafft Fairtrade mat der onofhängeger Organisatioun Flocert zesummen. Flocert ass esou ze soen hiren Zertifizéierungsaarm an iwwerpréift, datt alleguer d'Handelspartner all déi néideg Krittären erfëllen. Souguer d'Finanze ginn ënnert d'Lupp geholl.
D'Sonja Eberle vu Flocert: Mir kontrolléieren d'Finanzen. Mir passen op, datt all d'Transaktioune fair oflafen, op d'Liwwerbedéngungen mat den eenzelen Händler aus de verschiddene Länner gutt oflafen a virun allem datt alles gutt sortéiert ass, wat fairen Handel ass a wat konventionellen Handel ass.
Fairtrade huet d'lescht Joer Produiten am Wäert vun 19 Milliounen Euro verkaaft a méi wéi 2.500 Produiten am Grand-Duché hunn de Fairtrade-Logo op der Verpackung.